D'Saison am Basket fänkt de 26. September erëm un.

D'Basketfederatioun FLBB huet e Mëttwoch de Moien de Kalenner publizéiert.

Um éischte Spilldag spille Bartreng géint Ettelbréck, d'Musel Pikes géint d'Fiels, Diddeleng géint Hiefenech, Esch géint Steesel, de Racing géint Hesper a Conter géint Walfer.

Interessant ass, datt dës Saison 4 Reserve-Ekippen an d’Nationale 3 opgeholl goufen. D’Reserve-Divisioune sinn elo mat den 3 ieweschte Lige verbonnen. Déi éischt Ekipp vun Dikrech huet selwer decidéiert, an der leschter Divisioun vun de Reserve-Ekippen ze spillen.

Hei fannt Dir de genaue Programm vun der Saison 2020-2021: