Den Jonathan Isaac, ass als Eenzegen vun senger Ekipp am Kader vum Black-Lives-Matter-Mouvement, wärend der Nationalhymn, net op d'Knéie gaangen.

Dat sollt him och kee Gléck bréngen.

Am Ufank vum 4. Véierel ass den 22 Joer ale Spiller bei engem Kontakt ënnert dem Kuerf dunn op den Buedem gaangen. Hien huet kuerz drop misste mam Rollstull vum Parquet gedroe ginn.

Säi Veräin, d'Orlando Magics, hunn e Méinde confirméiert, dass de Spiller sech d'Kräizbänner gerass huet a wärend Méint net wäert kënne spillen. Den Isaac hat dës Saison 31 Matcher schonn net konnte spillen, well hien sech vun enger Verletzung un dem selwechte Knéi misst erhuelen.

De Spiller huet awer net wéinst sengem Spill fir Onrou gesuergt. Hie war een vun deenen ganz wéinege Spiller, déi fir d'Nationalhymn am Kader vum Black Lives Matter, net op d'Knéien gaangen sinn. Immens gleeweg, den Jonathan Isaac huet seng Decisioun domat begrënn, dass Rassismus net den eenzege Problem wier op der Welt, déi eenzeg Äntwert dozou wier a sengen Aen d'Relioun.