An der nordamerikanescher Basketliga, der NBA, ass e Méindeg den Optakt vun de Playoffs.

De Jeff Kettenmeyer huet mam Basketnationaltrainer Ken Diederich op den Optakt vun den NBA-Playoffs gekuckt.

Optakt vun de Playoffs

Zanter puer Woche liewen d'Spiller an de Staff vun den Ekippen an der sougenannter "Bubble", Blos op Lëtzebuergesch, zu Orlando. D'Matcher ginn am Disney-World-Park gespillt.

D'Playoffs ginn dës Kéier bannent 7 Wochen duerchgezunn, deemno all zweeten Dag ee Match, well trotzdeem de "Best of Seven"-Modus bäigehale gëtt.

Als Favoritte gëllen dëst Joer d'LA Lakers, d'LA Clippers an och d'Milwaukee Bucks.