E Méindeg den Owend waren déi éischt Matcher vun de Playoffs zu Orlando a Florida. An et goufen och direkt e puer Rekorder gebrach.

Wat wier wann de Kristaps Porzingis net an d'Vestiaire geschéckt gi wier? Dat wäerten d'Dallas Mavericks sech froen no hirer 118:110-Defaite géint d'Clippers vum Duo Kawhi Leonard/Paul George. Well de Porzingis säi jonke Star-Matspiller Luka Doncic a Schutz wollt huelen, wéi hie vum Marcus Morris ugerempelt gouf, krut hien eng 2. technesch Faute gepaff a misst du vum Terrain. Dallas war dunn 71:66 vir an nodeems de Porzingis net méi um Terrain war, konnten d'Clippers erëm d'Iwwerhand iwwerhuelen mat Hëllef vum Leonard (29 Punkten, 12 Rebounds, 6 Assists), vum Paul George (27 Punkten) a vum Marcus Morris (19 Punkten).

Groussen Highlight vum Owend war dem Luka Doncic säin éischte Playoff-Match. Den 21 Joer ale Slowen huet 42 Punkten, 8 Rebounds a 7 Passe konnte realiséieren. Domat ass hien och deen éischte Spiller an der Geschicht vun der NBA, deen dat a sengem éischte Playoff-Match konnt fäerdeg bréngen.

Anere Match vum Owend war d'Duell tëscht Denver a Utah, an och hei sollt et spannend ginn. D'Denver Nuggets konnte mat Hëllef vun engem stabillen Jamal Murray (36 Punkten, dovunner 10 an der Verlängerung) 135:125 géint d'Utah Jazz mam Donovan Mitchell gewannen. Anere Faktor fir dës Victoire war den Nikola Jokic mat 29 Punkten an 10 Rebounds. Utah huet bis zum Schluss gekämpft, mä konnt trotz engem grandiose Match vum Donovan Mitchell, dee 57 Punkte konnt schéissen, sech net duerchsetzen. Dem Donovan Mitchell seng 57 Punkte sinn ee Rekord fir d'Jazz an de Playoffs. De fréiere Rekord hat de Karl Malone mat 50 Punkten. Mat 57 Punkten gouf de Mitchell och den drëttbeschte Scorer aus de Playoffs, hannert dem Elgin Baylor (61 Punkten am Joer 1962) an dem Michael Jordan (63 Punkten am Joer 1986).

Ouni Iwwerraschung konnt sech Toronto géint d'Brooklyn Nets 134:110 duerchsetzen. De Champion vum leschte Joer wier awer bal an eng Fal geroden, nodeems si bis zu 30 Punkten Avance haten am 2. Véierel. Am Ufank vum 4. Véierel waren et just nach 8 Punkten Avance. Mat Hëllef vum Fred VanVleet (30 Punkten, 8/10 vum 3er)  konnten d'Raptors hir Aggressivitéit erëmfannen a schlussendlech de Match wannen. Brooklyn huet de Match ni opginn, obwuel et ganz schlecht ugefaangen hat. De Fransous Timothé Luwawu-Cabarrot huet op der Bänk ugefaangen, koum schlussendlech awer op 26 Punkten a 7 Rebounds an de Caris LeVert konnt trotz schwaachem Scorë genuch Passe verdeelen (15 Punkten, 15 Assists).

Beim 4. Match vun der Soirée konnten d'Boston Celtics sech géint d'Philadelphia Sixers 109:101 duerchsetzen, ënnert anerem mat Hëllef vum Jaylen Brown, dee 15 Punkten am 4. Véierel konnt schéissen (29 Punkten am Ganzen, 6 Rebounds). D'Sixers, déi hire jonke Guard Ben Simmons wéinst enger Knéiverletzung vermëssen, konnten an der Money-Time de Joel Embiid net fannen, obwuel hien nach effikass konnt sinn iwwert de Match (26 Punkten, 16 Rebounds). Anere staarke Mann bei Boston war den Jayson Tatum (32 Punkten, 13 Rebounds an 3 Blocks), dee mat 22 Joer de jéngste Spiller vum Veräin ginn ass, deen 30 Punkten an 10 Rebounds an engem Playoff-Match realiséiere konnt. Méi schlecht Nouvelle fir d'Boston-Fans, de Gordon Hayward huet sech um Foussgelenk verletzt.