Boston an Toronto kommen eng Ronn weider, d'Clippers kréien eng kal Dusch

© AFP
D'Boston Celtics an d'Toronto Raptors sinn déi éischt Ekippen, déi sech fir déi 2. Ronn vun de Playoffs qualifizéiert hunn.
Ouni Iwwerraschung konnten déi 2 Ekippen e Sonndeg an der Nuecht hir Géigner eliminéieren. Domat si Philadelphia a Brooklyn raus.
Beim Match Toronto géint Brooklyn huet Toronto iwwert de ganze Match genau dat gemaach, wat si och déi 3 Matcher virdru gemaach hunn: dominéiert. Mat hirer 150:122-Victoire hunn d'Champions vun 2019 mat Hëllef vun hirer Bänk d'Brooklyn Nets einfach geklappt. De Nick Powell konnt 29 Punkte schéissen a 5 Rebounds huelen an de Serge Ibaka 27 Punkten a 15 Rebounds. Fir d'Nets konnt de Caris LeVert sech distinguéiere mat 35 Punkten a 6 Assists, mä et sollt net duergoen ouni d'Hëllef vu sengen 2 Star-Matspiller Kyrie Irving a Kevin Durant. Klenge Bemol fir Toronto: De Kyle Lowry huet sech um Foussgelenk blesséiert a konnt de Match net weiderspillen. Wéi laang hie wäert feelen, ass nach net gewosst.
Bei de Boston Celtics an de Philadelphia Sixers war de Match e bësse méi spannend, d'Serie awer net. Ouni de Ben Simmons konnten de Joel Embiid a seng Ekipp sech keng eng Kéier géint Boston duerchsetzen. Den Jayson Tatum, dee bis elo de beschte Spiller bei Boston ass, konnt 28 Punkte markéieren, dovunner 9 am 4. Véierel an och 15 Rebounds huelen. De Kemba Walker war de grousse Spiller vun der Partie mat 32 Punkten a 4 Passen. Et ass awer och net esou, dass d'Philadelphia Sixers net probéiert hunn. De Joel Embiid (30 Punkten an 10 Rebounds) huet iwwert déi ganz Serie stabil gespillt, hie konnt sech just net géint Tatum a Co duerchsetzen. Ausserdeem huet sech am 3. Véierel den Tobias Harris verletzt, wéi hien e Rebound wollt huelen an du mam Kapp op de Buedem gefall ass. Soumat hunn d'Sixers och hiren 3. beschte Mann verluer. Schlussendlech konnt Boston 110:106 wannen a soumat Philadelphia heem schécken.
Anert Duell vum Owend waren d'Denver Nuggets géint d'Utah Jazz. An do konnt Utah sech hir 3. konsekutiv Victoire 129:127 sécheren. Fir déi éischte Kéier an der Playoff-Geschicht konnten 2 Spiller vun ënnerschiddlechen Ekippen am selwechte Match op d'Mannst 50 Punkte schéissen. An zwar waren et den Donovan Mitchell mat 51 Punkten (7 Assists) fir Utah an den Jamal Murray mat 50 Punkten (11 Rebounds) fir Denver. No sengem 57-Punkten-Match am Game 1 ass den Donovan Mitchell elo mam Michael Jordan an Allen Iverson den eenzege Spiller, deen an enger Serie méi wéi eng Kéier 50 Punkte konnt scoren. Mike Conley (26 Punkten) a Rudy Gobert (17 Punkten an 11 Rebounds) hunn och vill zu der Victoire bäigedroe. Den Nikola Jokic konnt och 29 Punkte schéissen.
De grousse Match vum Owend war awer de 4. Match vun de Los Angeles Clippers géint d'Dallas Mavericks. An do konnten d'Mavericks zum Schluss vun der Verlängerung mat engem Buzzer-Beater vum Luka Doncic, deen ouni säi Star-Matspiller Kristaps Porzingis misst spillen, sech d'Victoire 135:133 sécheren. 3 Sekonne viru Schluss stoung et 132:133 fir d'Clippers, ier den 21 Joer ale Sloween, verdeedegt vum Reggie Jackson, um Buzzer den 3er fir d'Victoire rageschoss huet. De Luka Doncic konnt esou eng historesch Leeschtung ofronnen, wou hien 43 Punkten, 17 Rebounds an 13 Passe liwwere konnt. Domat ass hien de jéngste Spiller, deen an engem Playoff-Match een Triple-Double mat iwwer 40 Punkte konnt scoren, an ass och deen eenzege mam Charles Barkley an Oscar Robertson, déi 40 Punkten, 15 Rebounds an 10 Assists an engem Playoff-Match konnte kréien. D'Clippers kënnen enttäuscht sinn. Am 2. Véierel ware si 21 Punkten vir, ier Dallas den Ecart erëm zeréckhuelen konnt an de Match an d'Verlängerung forcéiert hunn. Wéi nach 10 Sekonnen an der Verlängerung ze spille waren, konnt de Kawhi Leonard (32 Punkten, 9 Rebounds) dem Marcus Morris de Ball iwwerreechen, deen dunn een 3er konnt eraschéissen, dee ganz gutt de Match hätt kéinten entscheeden. Dat war awer ouni de Luka Doncic matzezielen, dee puer Sekonnen drop dat lescht Wuert hat. De Lou Williams konnt vun der Bänk op 36 Punkte kommen an de Paul George huet erëm enttäuscht mat 9 Punkten an 8 Rebounds.
E Méinden den Owend spillen nach d'Los Angeles Lakers géint d'Portland Trail Blazers, wou et momentan 2:1 fir d'Lakers steet. D'Houston Rockets spillen géint Oklahoma City Thunder, wou Houston 2:1 vir ass. Bei de Milwaukee Bucks géint Orlando Magic steet et 2:1 fir Milwaukee a Miami Heat ass 3:0 géint d'Indiana Pacers vir.
Esou gesäit de Playoff-Bam bis elo aus: