Aus dem nationalen Dammebasket ass et d'Nouvelle, datt d'Nadia Mossong an der neier Saison fir den T71 Diddeleng wäert spillen.

D'Lëtzebuerger Nationalspillerin hat déi lescht Saison nach an Italien gespillt.

D'Mossong iwwerhëlt och de Poste vum Frank Muller als sportleche Coordinateur vum Interreg-Projet.