Op enger Versammlung en Donneschdeg hunn d'Spiller dofir ofgestëmmt, dass d'NBA-Playoffs schlussendlech awer solle fäerdeg gespillt ginn.

E Mëttwoch haten d'Milwaukee Bucks, aus Protest géint déi sozial Ongerechtegkeeten an den USA, decidéiert, net op den Terrain ze goen an d'Spill ze boykottéieren. Déi aner Ekippen, déi deen Dag sollte spillen, hunn dunn dat selwecht gemaach. D'Spiller vun de Los Angeles Lakers a vun de Los Angeles Clippers hate souguer fir eng komplett Annulatioun vun de Playoffs gestëmmt. Dëse Boykott kënnt am Kontext vun de landeswäite Protester, nodeems den Jacob Blake 7 Mol vu Polizisten ugeschoss an uerg blesséiert gouf. Hien ass geläämt.

Doropshi koum et en Donneschdeg zu 2 Versammlungen tëscht den Autoritéite vun der NBA, der Associatioun vun de Spiller an de Proprietäre vun de Franchisen, representéiert vum Michael Jordan, deen den eenzege schwaarze Proprietär vun enger Ekipp (Charlotte Hornets) ass. Et ass net vill no bausse erausgedroe ginn, wat an deene laange Versammlunge geschwat gouf. D'Spiller fuerderen d'Proprietären op, sech méi fir sozial Gerechtegkeet anzesetzen a méi proaktiv ze sinn.

D'Spiller vun de Lakers an vde Clippers, dorënner de Lebron James an de Kawhi Leonard, hätten hir Meenung also geännert a wieren domat averstanen, d'Playoffs fäerdeg ze spillen. Wéini d'Playoffs erëm ufänken ass nach net kloer. Éischte Berichter no kéinten d'Matcher e Freiden oder e Samschden erëm gespillt ginn.