De Spiller vun de Memphis Grizzlies ass mat groussem Ofstand zum "Rookie of the Year" gewielt ginn.

Vun 100 Stëmme fir déi éischte Plaz, krut den 21 Joer ale Morant der ganzer 99. D'Supertalent Zion Williamson krut 1 Stëmm. De Morant ass nom Pau Gasol am Joer 2002 den zweete Spiller vun de Grizzlies, deen dës Auszeechnung kritt huet.