Am Lëtzebuerger Basketball gëtt et dës Saison keen Op- an och keen Ofsteiger, an dat a kengen Divisiounen.

Dorop hu sech déi Responsabel vun der Federatioun zesumme mat de Clibb gëeenegt. Sou eng sougenannte „Saison blanche“ ass schonn eppes Aussergewéinleches.

FLBB-President iwwer "saison blanche" / Franky Hippert

An dofir ass et dann och kloer, datt ee sech d'Saach bei der Federatioun sécherlech net einfach gemaach huet, seet den FLBB-President Samy Picard:

Mir hunn déi Decisioun vun der Saison blanche schwéieren Häerzens getraff, fir datt d'Clibb eng gewësse Visibilitéit hunn.

Virun allem hunn déi Responsabel vun der FLBB den Dialog gesicht:

Et ass sécher, datt et eng Decisioun ass, déi eis net einfach gefall ass. Mir hate ganz vill Echange mat de Clibb, och mat de Vertrieder vun der Nationale 2, well verschidde Clibb elo schonn 2 Joer hannertenee keng Chance hunn, fir ëm den Opstig ze spillen. Mir hunn och an der Kommunikatioun mat all de Clibb ugeschwat, wat de Rekrutement ugeet. An och d'Nationale 1 Clibb hu schonn Undeitunge gemaach, fir d'nächst Saison eng Iwwergangssaison ze maachen.

Et ass awer kloer, datt een an der zweethéchster Divisioun net vu Freed an d'Luucht gesprongen ass. Ouni Opstigsméiglechkeet kann een déi nächst Saison natierlech och net an der belle étage, Spréch, der Total League, dobäi sinn.

D'Nationale 2 Clibb si sécherlech net glécklech iwwert déi Situatioun, wat och verständlech ass. An de leschte Méint huet sech awer schonn ugedeit, datt et an déi Direktioun geet. Et gesäit net aus, wéi wa mir hei zu Lëtzebuerg an noer Zukunft de Sport géife komplett opmaachen.

Lo fir de Rescht vun der Saison stellt sech natierlech d'Fro, wéi attraktiv de Championnat iwwerhaapt nach ka sinn, wann et keen Ofsteiger wäert ginn.

Wéi kompetitiv de Championnat an der Total League ka ginn, ass schwéier ze soen, well elo eréischt 5 Matcher gespillt sinn. Déi 6 éischt hale sech d'Chancen op, Champion ze ginn. Mir denken, datt et e flotte Championnat ka ginn. Mir hoffen, datt d'Schnelltester dat och esou sécher wéi méiglech oflafe loossen.

D'Damme fänke jo schonn de Weekend vum 13. Februar an der Total League nees un, awer duerch d'Covid-Mesuren hei am Land ouni Spectateuren. Fir d'Supporter, déi an der Hal dobäi wollte sinn, gëtt et an enger éischter Phas awer emol e klengen Trouscht:

Mir hunn op der anerer Säit de Livestream, deen dobäi kënnt, well mer wëssen, datt an enger éischter Phas keng Zuschauer an der Hal dobäi kënne sinn. An iwwert dee Wee kënnen d'Leit de Championnat awer suivéieren.

D'Häre fänken eréischt Enn Februar un, well d'Nationalekipp Mëtt des Mounts nach hir zwou Partien an der Weltmeeschterschaftsqualifikatioun géint de Kosovo respektiv géint Island spillt. Déi zwee Matcher sinn a Form vun engem Mini-Tournoi am Kosovo.