
© Ant Deister
Schlecht Nouvelle fir d'Lëtzebuerger Basketnationalekipp vun den Hären.
Den Thomas Grün ass positiv op de Covid-19 getest ginn a wäert deemno net mat an de Kosovo fléien.
Basketnationalekipp/Reportage Jeff Kettenmeyer
De Profi vun Tréier war virum leschte Match an der zweeter Bundesliga getest ginn, d'Partie vun Tréier hat wéinst der grousser Unzuel u positive Fäll och missten ofgesot ginn.
D'Ekipp vum Nationaltrainer Ken Diederich spillt den 18. an 20. Februar déi lescht zwee Pre-Qualifikatiounsmatcher fir d'WM 2023 géint de Kosovo an Island.
Béid Matcher ginn zu Pristina an enger sougenannter "Boule" gespillt an där d'Ekippe just ënnert sech sinn.
Am meeschte gelies