An der Total League bei den Hären ass en Donneschdeg den Owend de leschte Match vum 8. Spilldag gespillt ginn.

D'Etzella hat d'Partie géint den Telstar vun Ufank un ënner Kontroll, sou dass fir d'Ekipp vun Ettelbréck um Enn eng kloer 111:54-Victoire stoung.

E Mëttwoch hat den T71 Diddeleng no duebeler Verlängerung 106 op 99 géint d'Fiels gewonnen.

De Basket Esch konnt sech 93 op 87 zu Konter duerchsetzen.

De Racing huet mat 77 op 79 géint d’Musel Pikes de Kierzere gezunn.

A Walfer huet Hiefenech 87 op 76 geklappt.

En Dënschdeg hat sech scho Steesel mat 82 op 71 zu Bartreng behaapt.