Um Courant gëtt een natierlech och weiderhin iwwert déi sozial Medie gehalen.

Am Moment ass den Internet-Site vun der FLBB net accessibel, dat wéinst engem Feier am Datenzenter zu Stroossbuerg. Betraff vun de Suitte vun dësem Feier ass och d'FLBB-App. Wéini de Site nees online geet, ass fir den Ament nach net ze soen, heescht et säitens der Basketfederatioun.

De Site interactif an de Site administratif sinn allerdéngs net vun der Pann betraff, hei kritt een dann och nach weiderhin Accès op d'Matcher vum Weekend.

Och op Facebook wäerten et wei gewinnt déi aktuellsten Infoe ginn.