Esch klappt de Racing mat 75:65
Pikes dréine Match, Walfer kann eng éischter iwwerraschend Victoire géint d'Etzella feieren. Fiels klappt d'Sparta a Contern kann zu Steesel wannen.
E Samschdeg den Owend war am Härebasket schonn den Optakt vum 9. Spilldag an der Total League a bei den Damme war et den 10.. Steesel, Walfer an d'Musel Pikes kënne sech hei duerchsetzen.
Um Sonndeg gouf et iwwerdeems eng Victoire fir de Basket Esch, dëst mat 75:65 géint de Racing.
Hären-Basket
Basket Esch 75:65 Racing (17:18, 40:28, 54:49, 75:65)
An enger ganz serréierter Ufanksphas konnt sech keng vu béide Formatiounen ofsetzen. Et ass hin an hier gaangen a virun allem Esch huet net richteg zu sengem Spill fonnt. Am zweete Véierel sollt sech dëst awer änneren. Esch koum besser an de Match a virun allem offensiv konnte si besser markéieren. Fir d'Gäscht vum Racing war et de Géigendeel. Nëmmen 10 Punkte konnte si am 2. Véierel markéieren, a sou konnten déi Escher eng éischte Kéier eng kleng Avance erausspillen, dëst beim Score vu 40:28 aus hirer Sicht.
No der Paus konnt de Stater Racing awer erëm zréck an de Match kommen. Virun allem de Sam Ney konnt beim Racing iwwerzeegen an d'Lokalekipp konnt net un hir gutt Leeschtung aus dem 2. Véierel uknäppen. De Racing huet och am leschte Véierel weider gutt dogéint gehalen an esou konnt e souguer a Féierung goen, mam um Enn war Esch awer ze staark. Ugefouert vum Clancy Rugg, deen 22 Punkte markéiere konnt, sollt et um Enn d'Victoire fir Esch ginn. De Racing bleift no der 65:75-Defaite weider ënnen an der Tabell, trotz enger gudder Leeschtung zu Esch.
Résidence Walfer - Etzella Ettelbréck 77:74 (19:17, 13:15, 19:23, 26:19)
Walfer huet wesentlech besser ugefaangen. Bei der Etzella huet et ronn 3 Minutte gedauert éier de Jairo Delgado 2 Dräier um Stéck getraff huet a vun do u war d'Etzella an dëser Partie ukomm. Et ass hin an hier gaangen an et war een immens serréierten 1. Véierel. Am 2. Quarter stoung d'Defense op béide Säiten am Virdergrond, déi et de Shootere schwéiere gemaach hunn. Walfer war awer weider immens waakreg an huet ëmmer nees de Wee ënnert de Kuerf gesicht. Bei der Etzella huet virun allem den Austin Burgett fir Géigewier gesuergt. Net manner wéi 14. Punkten huet de Scorer an der 1. Hallschent geschoss, déi mat 32:32-Gläich ausgaangen ass.
Walfer huet an der 2. Hallschent de Wee weider ënnert de Kuerf gesicht, dat well d'Quote vu baussen net gestemmt huet. Déi éischt 7 Minutte vun der 2. Hallschent hunn awer der Etzella gehéiert. Dono huet den Tom Konen op Walfer Säit opgedréint, dat mat 3 Dräier. Esou ass Walfer mat engem 4 Punkte Retard an de leschte Véierel gaangen. Walfer huet weider gemaach a louch tëschenzäitlech a Féierung. Et ass an der Schlussphas hin an hier gaangen. Um Enn ka sech an enger interessanter an immens spannender Partie den Opsteiger vu Walfer mat 77:74 duerchsetzen.
US Hiefenech - Musel Pikes 73:80 (31:15, 19:14, 17:29, 6:22)
Hiefenech hat de besseren Depart an huet doropshin e fulminanten 1. Véierel gespillt. Ënnert dem Impuls vum Max Schmit, dee 15 Punkten an der 1. Hallschent geschoss huet, huet Hiefenech de Pikes keng Chance gelooss a si an deenen éischten 10 Minutte mat 31:15 iwwerwannt. D'Pikes hunn um Ufank vum 2. Quarter ganz aggressiv an der Defense gespillt. Duerch déi aggressiv Spillweis sinn d'Pikes besser an de Match komm, ouni de Réckstand awer wesentlech kënnen ze verkierzen. D'Loft bei de Gäscht war och séier erëm eraus an Hiefenech huet séier nees zum Basket vun der Ufanksphas zeréckfonnt, sou dass si an der Hallschent däitlech mat 50:29 a Féierung louchen.
D'Musel Pikes hunn an der 2. Hallschent nach emol alles probéiert an esou hu si e 14:2-Laf realiséiert. D'Miseler si weider um Drécker bliwwen an hu mat engem staarke Milton Ottey de Réckstand Stéck fir Stéck verkierzt, sou dass et virum leschte Véierer nëmmen nach 58:67 aus der Siicht vun de Pikes geheescht huet. An och am leschte Véierel ass den Ottey weider richteg waarm gelaf an d'Pikes hunn de Réckstand weider verkierzt. 5 Minutte viru Schluss waren si bis op 4 Punkten un der Lokalekipp drun. Bei Hiefenech war de Wuerm dran an d'Musel Pikes dréinen tatsächlech nach de Match a gewanne mat 80:73 zu Hiefenech.
Telstar Hesper - T71 Diddeleng 46:108 (3:36, 20:27, 14:29, 9:16)
Ouni Profispiller hat d'Lokalekipp net den Hauch vun enger Chance géint den T71.
Amicale Steesel - AB Contern 89:99 (25:25, 29:19, 22:22, 13:33)
Arantia Fiels - Sparta Bartreng 86:79 (25:23, 30:20, 18:12, 13:24)
Tabell
Dammen-Basket
Etzella 103:46 Sparta (29:14, 50:26, 82:39, 103:46)
Amicale Steesel - AB Contern 70:43 (21:12, 13:9, 24:22, 12:0)
D'Amicale ass besser an de Match komm an huet virun allem mam Nicole Snyder ëmmer erëm an der Offensiv fir Impulser gesuergt. Och den 2. Quarter war fir d'Lokalekipp an esou war d'Ekipp aus der Äerdbierstaart mat 34:21 a Féierung. Nom Téi huet Contern eng Reaktioun gewisen, ouni awer de Réckstand kënnen ze verkierzen. Am leschte Véierel ass bei den Damme vu Contern dunn awer guer näischt méi zesumme gelaf. Et ass hinne keen eenzege Punkt méi gegléckt, sou dass de Match dann och mat 43:70 verluer gaangen ass.
Résidence Walfer - Basket Esch 87:76 (21:32, 19:18, 26:11, 21:15)
Esch huet e fulminanten 1. Véierel gespillt an dëse verdéngt mat 32:21 gewonnen. Am 2. Quarter krut sech Walfer dunn awer gefaangen a si kruten de Match besser an de Greff. Esch huet trotz allem weider defensiv stabil gestanen an esou louch d'Féierung an der Paus bei 50:40. E ganz anert Bild huet Esch dunn am 3. Véierel gewisen. An der Offensiv sollt net méi vill zesumme lafen a Walfer huet alles getraff, sou dass et mat enger 74:70 Féierung an de lescht 10 Minutte gaangen ass. Walfer ass um Drecker bliwwen a kann de Match tatsächlech nach géint Esch gewannen an dat mat 87:76.
Musel Pikes - BBC Gréngewald Hueschtert 79:63 (18:15, 13:21, 22:8, 16:19)