Dammebasket
Mandy Geniets wiesselt zeréck bei den T71 Diddeleng
Déi 1,78 Meter grouss an 22 Joer jonk Shooting Guard a Small Forward, déi och fir d'Nationalekipp spillt, wäert zeréck bei hire Kandheetsveräin goen.
Si kënnt vun den Inexio Royals vu Saarlouis, wou si wärend hirer Zäit op der Uni och Basket an der 1. Bundesliga gespillt huet. D'Mandy Geniets wäert de Kader vum T71 fir de Recht vun der Saison verstäerken.
Am meeschte gelies