Bei den Damme stoung um Sonndeg nach 1. Match um Programm. No engem staarkem 1. Véierel ka sech Steesel mat 75:56 géint d'Etzella duerchsetzen.

Bei den Häre sollt um Sonndeg nach eng Partie gespillt ginn. De Match tëscht der Etzella an Hiefenech huet allerdéngs wéinst Coronfäll missen ofgesot ginn.

Härebasket

T71 Diddeleng - Residence Walfer 72:75
(19:20, 16:24, 20:18, 17:13)

Walfer klappt Diddeleng a bleift d'Ekipp vun der Stonn
Den Opsteiger vu Walfer ka sech och géint den T71 Diddeleng duerchsetzen a bestätegt seng gutt Form no der Corona Paus.

Am éischte Véierel huet een tëscht béiden Ekippe kee groussen Ënnerscheed gesinn, béid Ekippen si sech op Aenhéicht begéint. Den zweete Véierel war et d'Ekipp vu Walfer, déi méi vum Match hat a sech sou och e klenge Virsprong opbaue konnt. Déi éischt Hallschent vum Match ass esou mat enger 44:35-Féierung fir d'Résidence op en Enn gaangen. Am 3. Véierel war et dann nees den ausgeglachene Match an der Ufanksphas, an där dës Kéier den T71 liicht Virdeeler opweise konnt. Zwar konnt Diddeleng och am leschte Véierel weider ophuelen, ma zum Schluss sollt et net méi duergoen, de Réckstand opzehuelen a sou wënnt d'Résidence vu Walfer immens knapp mat 75:72 zu Diddeleng. Fir den T71 ass et déi zweeten Defaite an dëser Saison.

Sparta Bartreng - Telstar Hesper 87:56
(24:9, 23:15, 24:10, 16:22)

D'Sparta huet gutt an de Match fonnt a konnt sech fréi e gudde Virsprong opbauen. Den Telstar huet sech schwéier gedoen an hat sou um Enn vum 1. Véierel nëmmen 9 Punkten op sengem Konto. Och am zweete Véierel huet Bartreng de Géigner net u sech erukomme gelooss a sou ass et beim Stand vu 47:24 an d'Paus gaangen. Am 3. a 4. Véierel war et weiderhin eng Partie déi d'Sparta komplett ënner Kontroll hat a sou steet um Enn eng souverän 87:56-Victoire géint den Telstar vun Hesper.

AB Contern - Arantia Fiels 87:77
(16:22, 21:18, 20:16, 13:14, 17:7)

Racing - Amicale Steesel 83:68
(26:22, 20:17, 20:10, 17:19)

Basket Esch - Musel Pikes ofgesot wéinst Corona

Tabell

Dammebasket

Etzella Ettelbréck - Amicale Steesel 56:75
(11:22, 14:17, 15:17, 16:19)

D'Lokalekipp ass besser an de Match komm a louch no knappen 3 Minutte mat 9:4 a Féierung. An der Schlussphas vum 1. Véierel ass Steesel dunn een impressionante 15:0-Laf gelongen an esou si si mat 11 Punkte Virsprong an den 2. Quarter gaangen. D'Etzella huet sech am 2. Véierel erëm stabiliséiert ouni de Réckstand awer ze verkierzen. De Réckstand an der Paus louch bei 14 Punkten.

Och an der 2. Hallschent huet sech een änlecht Bild gewisen, sou dass sech d'Damme vu Steesel verdéngt mat 75:56 géint Ettelbréck duerchsetzen.

Sparta Bartreng - T71 Diddeleng 48:87
(10:27, 12:30, 13:20 13:10)

D'Gäscht vun Diddeleng ware vun Ufank u voll am Match. Si hu Bartreng net zum Zuch komme gelooss a sou stoung schonn nom 1. Véierel eng 27:10-Féierung. Och am zweete Véierel war Diddeleng weider um Drécker a sou konnte si bis d'Paus op 25 Punkten ausbauen.

An der zweeter Hallschent vum Match huet sech um Bild vum Match näischt verännert a sou wannen d'Gäscht vun Diddeleng um Enn kloer mat 87:48 zu Bartreng.

Basket Esch - Musel Pikes 68:62
(12:12, 16:17, 16:18, 24:15)

Eng méi serréiert Partie ass et zu Esch ginn. Dat huet sech och am Resultat um Enn vum 1. Véierel gewisen, dee mat 12:12 op en Enn gaangen ass. An der Paus stoung dann e klenge Virsprong fir de Gaascht vun der Musel, deen awer just ee Punkt grouss war. Och den drëtte Véierel haten d'Pikes liicht Virdeeler, ma dat huet sech am leschte Véierel dann awer nach gedréint. D'Escher Ekipp huet nach eng Kéier ugezunn a sou hu si de Match u sech gezunn. Um Enn wënnt d'Lokalekipp an engem spannenden an ausgeglachene Match mat 68:62.

AB Contern - Résidence Walfer 50:89
(14:26, 13:25, 8:20, 15:18)