Am leschte Match ass et fir d'FLH-Damme géint déi stäerksten Ekipp vun der WM-Pre-Qualifikatioun gaangen. Géint d'Slowakei gouf et eng 17:37-Néierlag.

E Freideg ass et fir Dammen-Nationalekipp lass gaangen. Hei gouf et eng 18:22-Néierlag géint Israel. E Samschdeg hunn d'FLH-Dammen am zweete Match no enger gudder éischter Hallschent géint d'Ukrain verluer. Fir d'Lëtzebuergerinnen ass et dunn e Sonndeg an der drëtter Partie bannen 3 Deeg am leschte Match vun der WM-Pre-Qualifikatioun géint d'Slowakei gaangen.

Lëtzebuerg ass denkbar schlecht an de Match komm a louch séier mat 0:4 am Réckstand. Dësem Ecart ass een déi ganz 1. Hallschent hannendrun gelaf. Ënnert dem Impuls vum Tina Welter an de Geschwëster Wirtz hu sech d'FLH-Dammen awer net geschloe ginn an hu virun allem um kämpferesche Plang iwwert de ganze Match eng engagéiert Leeschtung gewisen. D'Slowakei war spilleresch awer einfach en Tick besser an esou hate si an der Paus e Virsprong vu 6 Goler. Mat 16:10 sinn d'Slowakinnen an d'Kabinne gaangen.

No der Paus hunn d'Spillerinne vum Nationaltrainer Adrian Stot weider Charakter gewisen an trotz dem Réckstand hu si probéiert, de Ball lafen ze loossen. An der Schlussphas gouf et relativ vill Wiessele bei der Lëtzebuerger Nationalekipp, dat virun allem fir och de jonke Spillerinne Spillpraxis ze ginn an Erfarungen op héchstem Niveau ze sammelen. Um Enn gëtt et eng 17:37-Néierlag fir d'Lëtzebuerger Dammen.