Etzella wënnt mat 92:74 géint Sparta Bartreng

De Weekend war am Hären-Basket an am Damme-Basket de 12. Spilldag an der Total League. E Sonndeg stoungen nach déi zwou lescht Partien um Programm.
Am éischte Match vum Owend ass et fir d'Etzella eng verdéngte Victoire géint d'Sparta vu Bartreng ginn. Méi spéit konnt sech de Racing dann nach kloer mat 99:54 géint den Telstar Hesper behaapten.
Härebasket
Etzella Ettelbréck - Sparta Bartreng 92:74 (24:19, 26:19, 21:21, 21:15)
Telstar Hesper - Racing 54:99 (19:25, 17:30, 11:23, 7:21)
Residence Walfer - AB Contern 77:72 (26:14, 14:15, 18:27, 19:16)
Walfer huet am Ufank vum Match do weider gemaach wou se an de leschter Matcher opgehal haten a konnten sech séier e Virsprong vun 12 Punkten erausspillen. Contern huet allerdéngs op d'Zänn gebass an hun de Réckstand am zweete Véierel net méi grouss gi gelooss. No der Paus huet Contern dann awer richteg gutt an de Match fonnt a konnt de Réckstand bis op 2 Punkten verréngeren. Esou goung et an e spannende leschte Véierel an deem et Contern dann och gepackt huet a Féierung ze goen. Mee Walfer ass awer nees eng kéier zeréck komm an entscheet de Match um Enn mat 77:72 fir sech.
Arantia Fiels - Musel-Pikes 84:64 (29:18, 19:15, 20:15, 16:16)
D'Musel-Pikes si richteg gutt an de Match gestart a ware séier mat 13:10 am Avantage. E Laf vun 11 zu 0 Punkten huet d'Fiels dann awer an déi besser Positioun bruecht a vun elo hunn hat d'Arantia de Match am Grëff. De Virsprong konnten se ëmmer weider ausbauen sou dat et mat engem 48:33 an d'Paus gaangen sinn. Och no der Paus ass d'Fiels weiderhin souverän bliwwen, hunn d'Féierung verdeedegt an ëmmer weider ausgebaut sou dat se um Enn mat 84:64 gewannen.
Amicale Steesel - Basket Esch 66:86 (21:17, 13:26, 10:22, 22:21)
T71 Diddeleng - US Hiefnech 85:60 (27:14, 27:12, 16:14, 15:20)
Tabell
Dammebasket
Residence Walfer - Etzella Ettelbréck 71:61 (14:15, 21:16, 19:15, 17:15)
E spannende Match gouf et zu Walfer ze gesinn wou et vun Ufank un ganz enk hiergaangen ass. Nodeems sech am éischte Véierel keng vun den zwou Ekippen e richtege Virdeel erspille konnt, konnte sech am zweete Véierel d'Spillerinnen vu Walfer kuerz virun der Hallschent e klenge Virsprong vu 4 Punkten erausspillen. Och no der Paus war d'Residence den Ettelbrécker ëmmer e klenger Schratt viraus an et ass hinne gelongen de Virsprong ëm weider 4 Punkten ze erhéijen. Am leschten a 4. Véierel huet d'Etzella nach eng kéier alles probéiert mee déi Walfer sollten sech de Virsprong net méi huele loossen a gewannen de Match mat 71:61.
Amicale Steesel - T71 Diddeleng 63:72 (19:17, 4:23, 16:15, 24:17)
Vun Ufank un war et en enke Match a béid Ekippen hu sech näischt geschenkt. Am zweete Véierel huet bei Steesel dann awer guer näischt zesummegepasst a se konnte just 4 Punkte markéieren. Diddeleng dogéint der 23 a sinn domadder mat engem 40:23 Avantage an d'Paus gaangen. Nom Téi hu sech déi Steeseler awer nees an de Match zeréck gekämpft an hunn de Réckstand gläich gehalen. Am leschte Véierel huet d'Heemekipp nach eng kéier alles probéiert, hunn och opgeholl mee de ganze Retard sollten se net méi kënnen ophuelen.
Musel-Pikes - AB Contern 82:38 (19:8, 17:8, 25:9, 21:13)
Sparta Bartréng - Gréngewald Hueschtert 57:109 (20:23, 19:29, 11:39, 7:18)