Basket Esch léisst Walfer keng Chance

© RTL-Archiv
De Leader Walfer huet domadder um 15. Spilldag an der Total League no laanger Zäit nees eng Kéier verluer.
E Mëttwoch den Owend stounge 5 Matcher vum 15. Spilldag am Lëtzebuerger Basketchampionnat um Programm. Am Spëtzematch huet sech de Basket Esch kloer mat 101:63 géint de Leader Walfer behaapt. Op Säite vun Esch huet de Profi Miles Jackson-Cartwright mat sengen 29 Punkten am beschte gescored. D'Résidence huet domadder no 10 Victoiren noeneen nees eng Kéier e Match verluer.
De Racing war no un enger Iwwerraschung géint den T71 Diddeleng drun. A leschter Sekonn hu sech déi Diddelenger awer nach duerch e Kuerf vum Muller mat 79:77 géint de Racing duerchgesat.
Am Derby tëscht der Fiels an Hiefenech war et bis zum Schluss spannend. D'Arantia louch quasi wärend dem ganze Match a Féierung, nëmmen am Ufank war Hiefenech eng Kéier mat engem Punkt vir, ma zum Schluss huet ee sech misse geschloe ginn an dat mat 70:71. Mat 22 Punkte war de Stephens de beschte Scorer bei Hiefenech.
Den AB Contern huet déi erwaarte Victoire géint d'Sparta gefeiert. D'Lokalekipp huet sech mat 105:79 duerchgesat.
An am Kellerduell huet d'Amicale mat 91:71 géint den Telstar gewonnen.
En Donneschdeg den Owend ass nach eng Partie vum 15. Spilldag. D'Etzella kritt et mat de Musel Pikes ze dinn.