20. Spilldag bei den Hären. An och wann nach 3 Matcher um Programm stoungen, waren déi 6 éischte Plaze fir de Playoff esou gutt ewéi verginn.

Conter konnt e Sonndeg genee wéi d'Fiels mat enger Victoire och rechneresch alles kloer maachen. No der Blessure vum Raoul Birenbaum hunn aner Spiller an de leschte Woche misse Responsabilitéit iwwerhuelen. Een dovunner ass de Mihailo Andjelkovic.

Am Bartrenger Futtball huet dem Mihailo Andjelkovic seng Sportscarrière ugefaangen. Deemools als klengen Däbbes. No enger Erkältung an der Erkenntnis, dass et iwwer d'Wanterméint méi flott ass, ënnerdaach ze spillen, huet säi Wee e bei de Basket gefouert.

Op der Sparta huet de Mihailo de Basket-ABC geléiert. Virun 3 Joer dunn de Wiessel op Conter. An hei fillt den 22 Joer jonke Mann sech puddelwuel. De Mix aus jonken, dynamesche Spiller an erfuerenen Huese gefält dem Lëtzebuerger Nationalspiller. Säi Kontrakt gouf rezent och ëm 2 Joer verlängert.

Lo wou de Raul Birenbaum wéinst enger Blessure méi laang ausfält, läit méi Responsabilitéit op de Schëllere vum Mihailo. Virun dëser Verantwortung huet de Guard-Spiller keng Angscht. An och seng Matspiller wëssen, wat si vun him hunn.

Ganz gäre wéilt de Mihailo Andjelkovic seng Suen als Basketballprofi verdéngen. Dat ass Zukunftsmusek. Aktuell studéiert hien op der Uni.lu. Wann alles riicht räisst, ass de sympathesche Sportler d'nächst Joer am Summer Schoulmeeschter. Fir den Ament ass de Mihailo am Stage.

E Sonndeg an der Partie géint Steesel louch de Mihailo mat senger Ekipp - dem AB Conter - an der Paus 8 Punkte vir. 49-41. No der onglécklecher Defaite an der Woch zu Esch wollt d'Lokalekipp sech zréckkafen. Zil heescht nämlech, d'Qualifikatioun fir den Titelplayoff z'erreechen.

Am 3. Quarter hunn d'Haushäre richteg Gas ginn. 34 Punkten hunn déi Conter Spiller an 10 Minutte geschoss. Domadder hu si den Terrain fir de Succès géint Steesel preparéiert. Séiere, sprëtzege Basket huet d'Ekipp vum Kapitän René Wolzfeld gebueden. Virum leschte Véierel hate si d'Nues beim Stand vun 83-59 confortabel vir.

U sengem Schoss wëll de Basketballspiller nach trainéieren. Heiranner wär hien net konstant genuch. Dobäi hat de Mihailo dës Saison och Pech bei de Blessuren. En Ermiddungsbroch am rietse Fouss an duerno e Muskelrass hunn dem Sportler d'Liewe schwéier gemaach. Mëttlerweil ass hien zanter 1 1/2 Mount nees um Terrain aktiv.

Wärend 25 Minutte stoung de Mihailo Andjelkovic gëschter um Terrain. 7 Punkte huet hien an där Zäit geschoss. Ma och vun der Bänk aus huet de Sportler seng Ekipp ugefeiert. Et ginn och e puer international Spiller, déi hie gär spille gesäit.

Um Enn gewënnt de Mihailo mam AB Conter 99-74 géint Steesel a steet nieft Walfer, Etzella, Diddeleng, Esch an der Fiels am Titelplayoff.