Lidd fir Futtball-EM
De Martin Garrix huet sech mat Bono & The Edge zesummegedoen
De 14. Mee, ob sengem 25. Gebuertsdag, huet den Hollänner Martin Garrix den offizielle Song fir d'EM presentéiert.
"Ech wollt dat Gefill an d'Lidd paken, dat s du erliefs, wann s du e Match kucks an däi Land e Gol schéisst. Dësen Ament vun der Opreegung, dem Gléck an der Euphorie ze vermëttelen, war mäin Zil."
Dofir huet de Martin Garrix sech mat Bono & The Edge ganz bekannte Museker an d'Boot geholl an d'Lidd "We are the People" komponéiert.
Am meeschte gelies