Déi nächst Saison am Härebasket wäert esou ausgesinn, wéi déi aktuell. Dat gouf um Kongress vun der FLBB decidéiert.

Eng Propos vu 6 Nationale-2-Veräiner, fir béid Divisiounen zesummenzestiechen an zu 20 ze spillen, gouf um ausseruerdentleche Kongress vun der FLBB net ugeholl. Just 25 Prozent vun de Veräiner haten dofir gestëmmt.

De Fern Musquar vum BC Mess hat am Numm vun den Nationale-2-Veräiner um Kongress d'Wuert ergraff a war no der Decisioun schonn enttäuscht, mä net iwwerrascht.

De Fern Musquar vum BC Mess

Den FLBB-President Samy Picard huet en Appell un d'Veräiner gemaach, fir net onbedéngt Spiller aus der Nationale 2 ze transferéieren an d'Clibb domat nach zousätzlech ze schwächen.

De Samy Picard

Donieft gouf och festgehalen, datt d'Indemnitéite vun den Arbittere vun nächster Saison un an d'Luucht gesat ginn.

De Start vun der neier Saison bei den Dammen an Hären ass fir de 25. September programméiert.