Esch klappt d'Musel Pikes mat 87:74, Victoire fir d'Etzella
E Samschdeg den Owend war am Hären-Basket den Optakt vum 21. Spilldag an der Total League.
Nieft Victoirë fir de Basket Esch an d'Etzella Ettelbréck konnte sech iwwerdeems de Racing a Bartreng behaapten.
Härebasket
Musel Pikes - Basket Esch 74:87
(17:21, 20:25, 16:27, 21:14)
Fir den Tabellendrëtte vun Esch gouf et eng 87:74-Victoire géint d'Musel Pikes. No enger zimlech ausgeglachener éischter Hallschent vum Match mat liichte Virdeeler fir de Basket Esch hunn d'Gäscht am drëtte Véierel dann nach eng Kéier den Tempo e gutt Stéck méi erhéicht. De Virsprong konnt vun de Musel Pikes am leschte Véierel zwar nach verklengert ginn, um Enn huet d'Ekipp vun Esch sech d'Victoire awer net méi huele gelooss.
US Hiefenech - Etzella Ettelbréck 71:91
(14:21, 25:27, 10:28, 22:15)
Den Tabelleleader vun Ettelbréck huet vun Ufank u probéiert de Match u sech ze rappen, ma Hiefenech krut am éischte Véierel nach gutt dergéintgehalen. Och den zweete Véierel hu sech béid Ekippe quasi op Aenhéicht gewisen, wat sech dann awer am drëtte Véierel geännert huet. D'Lokalekipp war guer net méi am Match a sou ass d'Etzella mat 18 Punkte méi dervugezunn. Am leschte Véierel konnt Hiefenech nach ee Mol opschléissen, ma um Ausgang vun der Partie huet sech näischt méi geännert. Um Enn steet eng verdéngt 91:71-Victoire fir Ettelbréck.
Amicale Steesel - Racing 68:74
(12:16, 16:21, 19:16, 21:21)
Telstar Hesper - Sparta Bartreng 42:86
(8:23, 14:19, 8:22, 12:22)
Arantia Fiels - AB Contern 77:82
(16:28, 26:20, 18:17, 17:17)