Zesumme mat der Basket Legend Michael "Air" Jordan hunn dem verstuerwene Bryant seng Fra Vanessa a säi Meedchen Natalia d'Éierung ugeholl.

16 Méint nom Doud vum Kobe Bryant gouf dësen an d'Hall of Fame vun der amerikanescher Basketassociatioun opgeholl. Hie war zesumme mat senger 13 Joer aler Duechter Gianna a sechs anere Leit bei engem Helikopteraccident ëm d'Liewe komm.

Fir d'Zeremonie war et dem Kobe Bryant säin eelsten Meedchen Natalia, wat déi rout Jackett, d'Zeechen, datt een an d'Hall of Fame opgeholl gouf, ugedoen huet. Donieft krut seng Fra de Rank, deen dozou gehéiert. Si goufe vum Michael Jordan op d'Bün begleet.

RTL

De Michael Jordan mam Vanessa Bryant. / © AFP

A senger Karriär mat den LA Lakers gouf de Bryant 5 Mol Champion, war 2 Mol MVP vun der Finall an ee Mol MVP vun der Saison. Zu sengen Éiere gouf eng extra Ausstellung opgeriicht. Dëst gouf bis elo just fir de Michael Jordan gemaach.

Weider koumen an d'Hall of Fame:

Tim Duncan (5 Mol Champion, 2 Mol MVP, 3 Mol Finall-MVP)
Kevin Garnett (1 Mol Champion, 1 Mol MVP)
Eddi Sutton, posthum (Coach, huet iwwer 800 Matcher gewonnen a stoung mat 4 verschiddene Schoulen an der NCAA-Finall)
Rudi Tomjanovich (Coach, huet mat de Houston Rockets déi zwee eenzeg Titelen, 1994 a 1995, geholl)
Tamika Catchings (1  Mol WNBA-Champion, 1 Mol MVP, 1 Mol Finall-MVP)
Kim Muleky (Coach, 3 Mol College Championne a war 8 Mol Coach of the Year)
Barbara Stevens (Coach, 1 Mol College Championne, stoung bei iwwer 1.000 Matcher un der Säitelinn)
Patrick Baumann posthum (Ambassadeur, de Schwäizer war FIBA-Generalsekretär an huet de Basket weltwäit gefërdert)