Wéinst diverse Grënn, wéi et an engem Communiqué heescht, brénge si et net méi fäerdeg, an den Halleffinalle géint Diddeleng unzetrieden.

E Freideg sollt am Dammebasket an der Best-of-Three-Serie déi zweet Halleffinall tëscht Steesel an dem T71 nogeholl ginn.

D’Amicale kann awer net untrieden, nieft den dräi bekannte Corona-Fäll ass nach eng véiert Spillerin dobäi komm a si sinn all net fit genuch, fir ee Match ze spillen. Domadder spillt Diddeleng d'Finall elo géint Walfer.

Bei den Häre sollt e Mëttwoch den Owend den Nodrosmatch tëscht der Fiels an dem T71 Diddeleng gespillt ginn, ma dës Partie huet wéinst Coronafäll bei der Arantia missen ofgesot ginn.

De Communiqué vun der FLBB

No villem Echangë mat den responsabele Léit vun der Amicale Steinsel stellt sech eraus, dass d’Amicale aus diverse Grënn net méi genuch Spillerinnen zesummekritt, fir de Weekend, oder och doriwwer eraus, an der Halleffinall unzetrieden.  

Aus dësem Grond, gëtt de Match 21502 tëscht der Amicale an dem T71 net gespillt, an den T71 Diddeleng avancéiert an d’Final vum Championnat an trëfft do op d’Résidence Walferdange.