An Italien huet ee sech no 60 Minutte knapp mat 24:23 behaapt.

HB Diddeleng wënnt géint Sassari / Reportage Serge Olmo

Nodeems déi Käerjenger sech de leschte Weekend scho fir den zweeten Tour vum EHF European Cup qualifizéiert hunn, ass den HB Diddeleng dëse Weekend am 1. Tour gefuerdert. Am Allersmatch konnt sech d'Ekipp aus dem Grand-Duché ganz knapp mat 24:23 (13:13) géint Raimond Sassari duerchsetzen.

De Retourmatch gëtt e Samschdeg den Owend um 19.30 Auer och nees an Italien gespillt.