No der 26:32-Néierlag gëtt et alles anescht wéi einfach am Retourmatch e Samschdeg den Owend.

Bei der Lëtzebuerger Handballnationalekipp hat ee sech dat en Donneschdeg an der Europameeschterschaftsqualifikatioun géint d'Belsch e bëssen anescht virgestallt. No der 26:32-Defaite am Allersmatch an der Coque gëtt et e Samschdeg den Owend vun 20.15 Auer un zu Hasselt sécherlech net einfach, fir sech nach fir déi nächst Ronn ze qualifizéieren. Bei der FLH-Formatioun gleeft een awer nach drun.

Virschau op de Retourmatch / Reportage Franky Hippert

D'Deplacement vun de Roude Léiwe soll op jiddefalls kee klenge Weekendtrip an d'Belsch ginn, seet den Nationalspiller Dan Scheid: "Handball geet relativ séier, déi sechs Goler kënne mer ophuelen, mir musse mat + 7 gewannen. Wa mer un eis gleewen, dann hu mer an der Belsch nach eng kleng Chance."

Den FLH-Härennationaltrainer Nikola Malesevic weess, datt hie bis e Samschdeg den Owend op mentalem Plang mat senger Ekipp nach e bëssen Aarbecht huet: "Ech sinn ëmmer positiv, e Ball méi e Ball manner. Mir probéieren eis ze remobiliséieren, fir nach eng Kéier 60 Minutten alles ze ginn, datt mer ouni Regrete kënnen heemkommen."

Et war eng Zomm vu Klengegkeeten, firwat een en Donneschdeg um Enn mat engem Ecart vu sechs Goler verluer huet. Virun allem krut ee sech awer ni richteg op eppes vun de Belsch agestallt, seet den Dan Scheid, an dat muss e Samschdeg änneren: "Siwe géint sechs, si hunn ëmmer eng Léisung fonnt. Wa mer dat an de Grëff kréien, da kënne mer gewannen."

Fir de Lëtzebuerger Nationaltrainer hunn d'Belsch virun allem awer och nach ee grousse Virdeel: Si hunn eng Bänk, déi méi grouss ass, si hu Spiller, déi an der 1. an 2. Divisioun a Frankräich spillen.

Zwou Absencen duerch ënnerschiddlech Grënn hunn am Allersmatch op Lëtzebuerger Säit scho richteg wéi gedoen, an zwar déi vum Martin Müller a vum Kapitän Tommy Wirtz. Déi zwee wäerten de Roude Léiwe géint d'Rout Däiwelen awer och e Samschdeg keen Damp am Kessel maachen. E Kessel zu Hasselt, an deem souwisou och e Samschdeg keng Spectateuren erlaabt sinn.

De Retourmatch tëscht der Belsch a Lëtzebuerg kënnt Dir e Samschdeg vun 20.15 Auer un am Livestream op RTL.lu kucken.