Am Kader vun der Qualifikatioun fir d’Europameeschterschaft 2024 huet Lëtzebuerg um Donneschdeg Owend géint Belsch gespillt. Um Enn gouf et am Allersmatch an der Coque eng 26:32-Defaite.
Lëtzebuerg ass direkt gutt an de Match komm a war séier mat 2:0 a Féierung. Och de Golkipp Chris Auger huet vun Ufank u mat flotte Paraden iwwerzeegt. D’Rout Léiwe konnte lues a lues de Virsprong ausbauen. No 18 Minutte stoung 8:5 fir d’Haushären. Duerch onnéideg Ballverloschter am Ugrëff an zwee 7 Meter, déi net eragaange waren, sinn d’Belsch bis d’Paus awer op 12:12 erukomm.
Nom Säitewiessel ass de Géigner besser an de Match komm an huet méi aggressiv verdeedegt. Nodeems d’Belsch séier mat 2 Goler virlouchen, konnt Lëtzebuerg beim 16:16 awer nees ausgläichen. Et ass weider hin a hir gaangen, mee des Kéier waren et d’Gäscht déi virlouchen. Lues a lues konnte si hire Virsprong ausbauen a de roude Léiwe sinn d’Been ëmmer méi schwéier ginn. D’Gäscht hunn d’Feeler konsequent ausgenotzt an hu sech schlussendlech däitlech mat 32:26 duerchgesat.
E Samschdeg ass de Retourmatch um 20.15 Auer an der Belsch.