Am anere Match vum Owend ka sech Diddeleng mat 39:29 géint Miersch behaapten.

E Sonndeg den Owend war am Lëtzebuerger Handball-Championnat bei den Hären am Titelgrupp d’Suite vum 5. Spilldag. Um Samschdeg hat sech Käerjeng scho beim HC Bierchem duerchgesat.

Härenhandball

Titelgrupp

Ee serréierten a spannende Spëtzematch tëscht de Red Boys vun Déifferdeng an dem HB Esch geet um Enn mat 23:23 op en Enn. Déi Escher si gutt an de Match komm an et huet 4 Minutte gedauert, ier d’Red Boys de Filet fir déi éischte Kéier fonnt haten. No ronn 9 Minutten haten déi Lallenger eng Avance vu 4 Goler, ma dat sollt och dee gréisste Virsprong sinn, dee sech Ekipp an dëser Partie erausschaffe konnt. An engem intensive Match ass et ëmmer nees hin an hir gaangen an d’Red Boys si lues a lues nees erukomm, soudass et an der Paus 12:14 stoung. Béid Ekippen hunn de Supporter weiderhin héichklassegen Handball gebueden a ware sech op Aenhéicht. Esch louch virun allem wéinst ville 7-Meter gréisstendeels a Féierung, och wann d’Lokalekipp ëmmer rëm ausgläiche konnt. No ronn 50 Minutte huet den Ognjen Jokic du 4 Goler hannerenee markéiert a seng Faarwe fir déi éischte Kéier an dësem Match a Féierung bruecht. Béid Ekippe louchen elo ofwiesselend kuerzzäiteg vir, et huet awer keng et fäerdegbruecht, fir sech ofsetzen. Sou ass d’Partie schlussendlech mat 23:23 op en Enn gaangen, well an der leschter Minutt keng Ekipp méi ee Gol markéiere konnt.

Am zweete Match vum Owend konnt sech den HB Dideleng relativ souverän mat 39:29 zu Miersch duerchsetzen. Scho fréi konnten d’Gäscht sech e Virsprong vu 5 Goler erausschaffen, ma no 30 Minutte stoung et awer nees 17:17. No der Paus hunn déi Diddelenger dunn e Gank eropgeschalt a bis zum nächste Gol vun de Mierscher huet et iwwer 6 Minutte gedauert. Zu deem Zäitpunkt hat d’Ekipp aus dem Süde sech schonn eng Féierung vu 7 Goler erspillt, déi si bis zum Enn just nach ausgebaut huet. Tëschenzäitlech waren et souguer 14 Goler, déi béid Ekippe getrennt hunn, um Enn waren et der dunn 10.

Spillplang Hären