Handball Esch an der Aachtelsfinall eliminéiert

© RTL-Archiv / Val Wagner
De Match zu Pilsen an Tschechien goung mat 26:29 verluer. Mam Handball Esch ass de leschte Lëtzebuerger Vertrieder op europäeschem Plang eliminéiert.
No der 30:34-Defaite am Allersmatch zu Lalleng, war et fir déi Escher net onméiglech, fir nach an den nächsten Tuer vum EHF European-Cup anzezéien. Um Schluss sollt et awer net duergoen, fir sech géint den tschechesche Géigner vu Pilsen duerchzesetzen. An Tschechien huet een de Match mat 26:29 verluer. Den Handball Esch war de leschte Vertrieder vun der FLH an enger europäescher Kompetitioun.
Déi éischt Hallschent hunn déi Escher gutt matgehalen an d'Féierung huet ëmmer hin an hier gewiesselt. Mat 13:12 fir d'Heemekipp ass et an d'Vestiäre gaangen. Och no der Paus ass et enk bliwwen, bis Pilsen sech eng kleng Avance konnt erausspillen. Bis zur 50. Minutt loungen déi Minetter mat 2 bis 3 Goler hannen, du konnt Pilsen den Ecart weider vergréisseren a bis op fënnef Goler dovunzéien. De Match goung mat 29:26 fir d'Tschechen op en Enn. Beschte Buteur fir Esch war de Lëtzebuerger Nationalspiller Felix Werdel mat 9 Goler.