Esch verléiert Allersmatch mat 30:34 géint Pilsen
Den tschechesche Champion louch de ganze Match iwwer a Féierung a gewënnt zu Esch géint eng staark kämpferescher Lallenger Ekipp mat 34:30.
De Lëtzebuerger Champion krut et an der Aachtelsfinall vum EHF-European-Cup e Samschdeg den Owend mat Pilsen ze dinn. An der Lallenger Sportshal ass Esch gutt an de Match komm a konnt den Duell géint de Favorit aus Tschechien an der Ufanksphas ausgeglach halen. Esch louch wuel déi ganzen Zäit hannen, allerdéngs ni méi wéi 2 Goler. No 10 Minutten huet den Tom Krier de Score (6:6) eng éischte Kéier konnten ausgläichen. Dono war am d'Spill vun den Escher e bëssen de Wuerm dran an esou ass Esch mat engem 5-Goler-Retard (13:18) an d'Paus gaangen.
Esch ass 10 Minutte viru Schluss nach eng Kéier op 3 Goler erukomm. Den tschechesche Champion war awer an der Schlussphas ze ofgekläert, sou dass den Allersmatch aus der Siicht vum Handball Esch mat 30:34 verluer geet. Am Retour ass deemno trotz der Néierlag nach alles méiglech. Topscorer bei Esch war den Tom Krier an de Martin Müller mat jeeweils 6 Goler.
De Retourmatch ass an enger Woch, sonndes den 20. Februar an der Tschechescher Republik.