Rout Léiwe géint europäesch Toppekipp Portugal gefuerdert

© Val Wagner (Archiv)
E Sonndeg spillt d'Lëtzebuerger Handball-Nationalekipp hiren 2. Match an der EM-Qualifikatioun.
E Mëttwoch war fir déi Lëtzebuerger Handball-Nationalekipp zu Skopje den Optakt vun der Haaptqualifikatiounsronn fir d'Europameeschterschaft 2024. No der héijer 24:38-Néierlag géint Nordmazedonien waart e Sonndeg am Gymnase vun der Coque mat Portugal e weidere schwéiere Géigner op d'FLH-Selektioun. D'Partie kënnt Dir vu 15.50 Auer live um RTL ZWEE an am Stream op RTL.lu suivéieren.
Fir e Sonndeg e bëssi besser mat de Portugise matzehalen, ass et kloer, datt d'Rout Léiwen e ganz anert Gesiicht musse weisen, wéi virun allem déi éischt 30 Minutten zu Skopje. Lëtzebuerg ass och am 2. Match kloer den Underdog an awer däerf ee sech net esou presentéiere wéi e Mëttwoch, esou den Dan Scheid.
"Ech menge virun allem musse mir als éischt d'Spiller respektéiere wat se gesot kréien, mir däerfen de Kapp net hänke loossen, mir wëssen, datt et Spiller vun engem anere Kaliber sinn, et si Spiller, déi Profi sinn, mir sinn Amateur-Spiller. Phaseweis war et eng ze grouss Éier, géint se ze spillen an esou enger Hal. E Sonndeg musse mir eis rappen, de Kapp héich halen, mir musse weider trainéieren an d'Consignë respektéieren."
D'Aart a Weis, wéi d'Lëtzebuerger opgetruede sinn, läit dem routinéierten Déifferdenger op alle Fall ferm um Mo.
"Virun allem musse mir ons eng Kéier un den Dësch setzen, well mir däerfen net esou optrieden, da musse mir eis fokusséieren op de Match, trainéieren, eng Videoanalys maachen an dann hoffentlech e bessere Match maachen."
Portugal konnt sech a sengem Optaktmatch mat 17 Goler Ecart géint d'Tierkei behaapten. D'Rout Léiwe konnte sech also e Bild maachen, wat op se duer kënnt. De Kreesleefer Ben Weyer gesäit de Géigner esou:
"Eng grouss Stäerkt vun hinnen ass einfach d'Offensiv, et huet een elo gesi géint d'Tierken hu se 44 Goler geschoss, mir probéieren doheem, duerch méi eng aggressiv Defense méi an de Kontakt ze kommen, fir hinnen dat net direkt ze erméiglechen an hinnen dat schnellt Spill net esou einfach ze maachen, dass se ons déi einfach Goler net kënne schéissen, dass och si e bëssi musse spillen, ier se eng Léisung fannen."
Datt et eng grouss Differenz tëschent béiden Natioune gëtt, ass kloer, an awer kann ee mat Disziplin an Éiergäiz dofir suergen, datt deen Ecart um Terrain net ze däitlech ass. Vläicht sinn d'Rout Léiwe virun eegenem Public jo e Sonndeg net esou zam wéi an Nordmazedonien.