D'Nordmazedonier hunn de Lëtzebuerger e Mëttwoch den Owend keng Chance gelooss a wanne souverän mat 38:24 zu Skopje.

Um Mëttwochowend war fir déi Lëtzebuerger Handball-Nationalekipp zu Skopje den Optakt vun der Haaptqualifikatiounsronn fir d'EM 2024. D'Resultat ass dobäi ganz däitlech an zwar mat 38:24 zu Gonschte fir Nordmazedonien ausgefall. Et hat ee sech an dësem Match definitiv méi erwaart vun de Lëtzebuerger.

Héich Néierlag fir FLH-Formatioun / Rep. Serge Olmo

Et ass déi éischte Kéier, datt d'FLH-Selektioun am zweeten Tour vun der Qualifikatioun spillt. D'Nervositéit war ze spieren, virun allem an der Ufanksphas. D'Lëtzebuerger hunn erstaunlech vill technesch Feeler gemaach. No 20 Minutte war Nordmazedonien 13:4 am Avantage. Bei dësem Resultat huet de Kapitän Tommy Wirtz e 7-Meter ratéiert, wat d'Moral vun der Ekipp wuel net gestäerkt huet.

Den Nationaltrainer Nikola Malesevic huet vill gewiesselt. De Festival vu Feelpassen ass awer weider gaangen. No 23 Minutte stoung et 16:4 fir d'Lokalselektioun. D'Lëtzebuerger hunn an 12 Minutten een 0:10 géint sech krut. An der Paus stoung et 18:7 fir de Favorit. Bis dohi gouf et net vill schéin ze rieden aus der Siicht vun der FLH-Selektioun, déi sech 9 technesch Feeler geleescht hat.

No der Paus huet ee sech eng Reaktioun vun de Roude Léiwen erwaart. Dës ass och deelweis komm. D'Lëtzebuerger ware méi aggressiv an der Defense. De Yann Hoffmann huet e ganz korrekte Match gemaach an huet e puer richteg gutt Aktioune gewisen. Op de leschten Deel vum Match léisst sech definitiv e bëssen opbauen.

De beschte Lëtzebuerger Marqueur war de Felix Werdel mat 5 Goler. De Golkipp Mika Hermann huet dräi 7-Meter gehalen.

E Sonndeg geet et fir d'Rout Léiwe weider, wann e weidere schwéiere Géigner, nämlech Portugal, op si waart. De Match géint Portugal gëtt e Sonndeg vu 15.50 Auer un um RTL ZWEE an op RTL.lu iwwerdroen.