De Basket Esch setzt sech géint d'Amicale kloer mat 91:61 duerch

© RTL Archiv
Bei den Dammen huet sech Conter géint d'Résidence behaapt a bleift weiderhin ongeschloen.
Am Basket-Championnat stoung souwuel bei den Hären wéi och bei den Dammen de 4. Spilldag um Programm.
Hären
De Basket Esch huet d'Amicale an der eegener Hal mat 91:61 (25:15, 27:24, 21:7, 18:15) iwwerrannt. Fir Steesel war et déi 1. Defaite vun der Saison.
An der 1. Hallschent huet den Escher Clancy Mac Rugg dem Match säi Stempel opgedréckt. Mat 14 Punkten huet hien am 1. Véierel just 1 manner wéi déi ganz Steeseler Ekipp markéiert. Steesel huet reagéiert an ass am 2. Véierel op 37:39 erukomm. An de leschten 3 Minutten virun der Paus ass awer näischt méi bei de Gäscht gaangen, soudass Esch mat engem Virsprong vun 13 Punkten an d'Kabinne gaangen ass. De Mac Rugg hat zu dem Zäitpunkt 25 Punkte bäigedroen. Och no der Paus ass offensiv bei de Gäscht bal kee Ball am Kierfche gelant an Esch huet sech weider ofgesat. Am 3. Véierel huet Steesel just 7 Punkte markéiert. Am leschte Véierel huet Esch de Match geréiert an huet sech mat 30 Punkte Virsprong behaapt.
De Gréngewald huet doheem mat 68:78 (22:22, 8:21, 12:18, 26:17) géint den T71 Diddeleng de Kierzere gezunn.
Um Ufank huet d'Heemekipp nach mam T71 matgehalen a konnt sech an den éischte Minutten ofsetzen. De Kevin Moura huet d'Gäscht awer zréck an d'Spill bruecht a sou ass et mat engem 22:22 an den 2. Véierel gaangen. Diddeleng huet an der Ofwier besser agéiert a konnt doduerch bis zur Paus op 43:30 dovunzéien. No der Paus ass et bei Diddeleng weiderhi gutt gelaf an den T71 goung mat engem Virsprong vun 18 Punkte an de leschte Véierel. D'Heemekipp huet nach eng Kéier alles probéiert, mee et sollt net méi duergoen, fir de Match komplett ze dréien. Den T71 bleift ongeschloen.
Hiefenech, bis dohin nach ouni Victoire, huet doheem iwwerraschend mat 93:84 (29:23, 29:18, 17:21, 18:22) géint d'Sparta gewonnen.
An der 1. Hallschent huet Hiefenech d'Gäscht iwwerrascht an déi zwee éischt Véierele kloer fir sech entscheet. Den Justin Strings an de Shanquan Hemphill hu mat 18 Punkten konstant fir d'Heemekipp markéiert. D'Sparta huet sech an der 2. Hallschent gewiert an ass méi no erukomm. Um Enn konnt d'Ekipp ronderëm de Cameron Gregory de Retard aus der 1. Hallschent awer net méi ophuelen.
D'Etzella huet sech donieft mat 78:66 (29:20, 22:20, 10:17, 17:9) géint d'Fiels behaapt.
Conter huet mat 85:105 (16:28, 19:32, 30:25, 20:20) géint d'Résidence verluer.
Den 1. Succès gouf et iwwerdeems fir d'Musel Pikes, déi zu Zolwer mat 89:76 (25:23, 23:19, 19:20, 22:14) d'Iwwerhand behalen hunn. Zolwer bleift déi eenzeg Ekipp ouni Succès.
Resultater Hären
Dammen
Bei den Dammen huet Conter e weidere Succès gefeiert a sech mat 82:71 (25:24, 23:13, 13:14, 20:21) géint d'Résidence behaapt. No engem ausgeglachenen 1. Véierel hu sech Lynn Kauffmann a Co. am 2. Quarter ofgesat. No der Paus hunn d'Gäscht de Match am Equiliber gehalen, konnten de Réckstand aus dem 2. Véierel awer net ophuelen. Och am leschte Véierel huet d'Résidence gutt dogéint gehalen. Um Enn goung d'Victoire verdéngt un d'Heemekipp, déi domadder weiderhin ongeschloe bleiwen.
An enger spannender Partie huet sech de Basket Esch no Verlängerung ganz knapp misse mat 68:70 (15:24, 15:6, 23:12, 9:20, 6:8) géint d'Amicale Steesel geschloe ginn. D'Amicale ass gutt an de Match gestart an huet den 1. Véierel dominéiert. D'Heemekipp huet sech awer gewiert an ass bis zur Paus op 30:30 erukomm. Nom Säitewiessel huet Esch de Fouss net vum Gas geholl an ass mat enger Féierung vun 11 Punkte an de 4. Quarter gaangen. Ënnert dem Impuls vum Najé Murray an dem Estelle Sand ass Steesel nees bäikomm a konnt sech an d'Overtime retten. D'Steesel huet sech do liicht ofgesat an de Virsprong bis zum Schluss net méi verspillt.
D'Musel Pikes hu sech iwwerdeems kloer mat 71:45 (23:8, 13:15, 20:15, 15:7) zu Zolwer duerchgesat. D'Heemekipp huet nach kee Match fir sech entscheede kënnen.