Etzella klappt Bartreng, Diddeleng mat knapper Victoire géint Conter

© Shari Schenten
Den T71 bleift deemno weider ouni Punkteverloscht an dëser Saison. Bei den Dammen huet Conter fir eng éischte Kéier an dëser Saison verluer.
Am Basket-Championnat stoung souwuel bei den Hären wéi och bei den Dammen de komplette 5. Spilldag um Programm.
Hären
Eng iwwerraschend däitlech Victoire huet d'Etzella géint Sparta agefuer. Ettelbréck wennt mat 105:67 (29:14, 23:21,34:18, 19:14) géint Sparta. De Grondsteen huet d'Lokalekipp am 1. Véierel geluecht, louch ee séier mat 5:0 a Féierung. Um Enn vum 1. Véierel hat d'Sparta awer schonn e Réckstand vu 15 Punkten. Vun dësem Retard konnt e sech net méi erhuelen. Topscorer bei der Etzella waren déi zwee Amerikaner, Mallory mat 30 a Smith mat 33 Punkten.
An engem enke Match kann Diddeleng sech um Enn mat 82:79 (28:19, 12:26, 26:20, 10:11) géint Conter duerchsetzen. Am éischte Véierel huet den T71 sech eng relativ grouss Avance erspillt, éier den AB aus engem 9-Punkte-Réckstand e 5-Punkte-Virsprong realiséiere konnt. Am leschten Ofschnëtt hu sech béid Ekippen näischt geschenkt. Et war eng immens serréiert Schlussphase, bei där et 2 Minutte viru Schluss 78:78 stoung. De Jimmie Lee Taylor Iii ass dunn un d'Fräiwuerflinn gaangen, an huet seng 3 Schëss era gemaach. Deemno eng batter 79:82-Defaite fir Conter, iwwerdeems Diddeleng weider ongeschloe bleift.

© Yann Gaasch
De Gréngewald huet doheem mat 89:74 (24:15, 27:19, 27:18, 11:22) géint d'US Hiefenech gewonnen. Den Opsteiger war vun Ufank un dominant an huet Hiefenech keng Chance gelooss. An der Paus haten Arend a Co e Réckstand vu 17 Punkten, dee se trotz engem gudde leschte Véierel net méi ophuele konnten.
D'Amicale Steesel huet sech donieft mat 92:67 (29:23, 19:19, 18:15, 26:10) géint d'Fiels behaapt an d'Résidence Walfer iwwerrennt den Opsteiger vun Zolwer mat 117:59 (31:14, 37:20, 31:14, 18:11).
Op der Musel huet de Basket Esch no engem staarke leschte Véierel géint d'Musel Pikes näischt ubrenne gelooss a mat 66:52 (10:12, 18:12, 19:17, 19:11) gewonnen. Esch ass zweeten an der Tabell, d'Pikes 11ten.
Resultater Hären
Dammen
D’Damme vun der Amicale hu sech no engem staarke leschte Véierel mat 90:85 (20:29, 19:17, 22:20, 29:19) géint d'Sparta duerchgesat. Virun allem duerch e staarke Kollektiv (6 Spillerinnen hunn zweestelleg getraff) konnt d'Steesel de Réckstand vun 9 Punkten aus dem 1. Véierel nach dréinen.
An der zweeter Partie um Sonndeg huet den T71 Diddeleng mat 75:55 (16:17, 22:11, 15:11, 22:16) iwwerraschend däitlech doheem géint Conter gewonnen. D’Shalonda Renae Winton war beim T71 mat 20 Punkten Topscorerin. Fir Conter war et déi éischten Néierlag an dëser Saison.
An engem enke Match an engem miserabelen drëtte Véierel konnte sech d’Damme vun de Pikes um Enn awer nach mat 62:57 (13:13, 19:7, 7:21, 23:16) géint de Basket Esch duerchsetzen. D’Mikayla Rose Ferenz huet vun deenen 62 Punkten da ganzer 36 geschoss a war domat de Fels an der Brandung fir d'Victoire vun de Pikes.
E Sonndeg den Owend stoung fir Wolz de Match géint de Gréngewald um Programm. No engem gudden 1. Véierel huet een am zweeten nëmmen 9 Punkte markéiert. Dëst ass net méi duergaangen, fir de Match nach ze dréinen, sou dass Wolz um Enn sech mat 65:72 (18:17, 9:24, 25:20, 13:11) géint de Gréngewald geschloe muss ginn.
Um spéide Sonndeg den Owend krut Walfer nach Besuch vun Zolwer. Dobäi huet Walfer Zolwer keng Chance gelooss a gewënnt däitlech mat 103:53 (26:12, 25:11, 35:17, 17:13).