Am Gymnase vun der Coque gouf et domat am zweete Match fir d'Qualifikatioun fir d'EM 2024 déi zweeten Néierlag.

E Sonndeg huet d'Lëtzebuerger Handball-Nationalekipp hiren 2. Match an der Haaptqualifikatiounsronn fir d'EM 2024 géint Portugal gespillt. Am Gymnase vun der Coque ass et um Enn eng kloer 21:32 Defaite géint Portugal ginn.

D'Rout Léiwe wollten am Verglach zur Néierlag géint Nordmazedonien mat méi Disziplin untrieden. Virun allem am Ufank vum Match war dat dann och de Fall an no 8 Minutte stoung et 2:2-Gläich. De Chris Auger vun de Red Boys huet am Gol eng super Leeschtung gewisen an hat no 13 Minutte 6 Paraden um Kont. Portugal ass an der Suite awer besser ginn an d'Lëtzebuerger haten eng Phas, wou net méi all ze vill gelongen ass. D'Léiwen hunn iwwer 10 Minutte laang kee Gol markéiert. Zwee 7-Meter goufe laanscht geschoss an och aus dem Réckraum huet ee sech schwéier gedoen. Portugal louch no 20 Minutten deemno mat 9:2 a Féierung. D'Ekipp vum Nationaltrainer Nikola Malesevi ass mat 5:14 an d'Paus gaangen.

Virun eegenem Public ass et an der zweeter Hallschent du virun allem offensiv besser gelaf an et huet ee 16 Goler geschoss, waren et an der 1. Hallschent där nëmme 5. Alles an allem goufen et op Säite vun de Lëtzebuerger awer ze vill einfach Ballverloschter an et krut ee ganzer 12 Turnovere géint sech, wat natierlech ze vill ass op deem Niveau, wou Portugal spillt. D'Portugisen hunn um Enn eng verdéngten 32:21-Victoire an der Coque agefuer.

Beschte Buteur op Lëtzebuerger Säit war de Yann Hoffmann mat 5 Goler.

Den 1. Match huet d'FLH Formatioun mat 24:38 zu Skopje géint Nordmazedonien verluer gehat. Déi 4. Ekipp vum Grupp ass d'Tierkei an op déi Matcher läit dann och den Haaptfokus. Déi Partië ginn awer eréischt am Mäerz 2023 gespillt.