Diddeleng gewënnt den Duell vun den EuroCup-Participanten

© AFP
88:73 ka sech den T71 beim BBC Gréngewald am Nodrosmatch vum 4. Spilldag duerchsetzen. Béid Ekippe ware virun dëser Partie nach ongeschloen.
Diddeleng war vun Ufank un an dësem Match dran an huet sech och auswäerts net nervös maache gelooss. No engem knappen 22:19 am éischte Véierel konnte si virum Téi den Ecart däitlech ausbauen a mat engem Avantage vun 49:35 an d'Paus goen. Den drëtte Véierel konnt d'Heemekipp du ganz knapp 19:18 fir sech entscheeden, ma déi lescht Minutten hunn nees den Diddelengerinne gehéiert, esou datt si zum Schluss kloer mat 15 Punkten Avance mat 88:73 gewanne kënnen.
D'Damme vum T71 sinn domadder déi eenzeg Ekipp am Championnat, déi nach kee Match verluer hunn.