Den T71 Diddeleng bei den Dammen an den Häre weiderhin ongeschloen

© Emile Mentz
Zu Bartreng an an der Fiels gouf de Match an de leschte Sekonnen decidéiert. Bei den Damme gouf et kloer Victoirë fir Conter, Bartreng a Walfer.
D'Hären- wéi d'Dammenekipp vum T71 Diddeleng sinn och nom Sonndeg weiderhin ongeschloen.
Hären
Am Topmatch vum sechste Spilldag setzt sech d'Residence Walfer mat 82:71 (17:21, 23:15, 19:23, 23:12) beim Basket Esch duerch. Obwuel de Clancy Mac Rugg 33 Punkte fir Esch markéiert huet, a beschte Scorer vum Match war, konnt seng Ekipp de Match net fir sech decidéieren. Den éischten an drëtte Véierel goung un déi Escher, mee déi aner 20 Minutten huet Walfer méi Punkten Avance erausgespillt. D'Residence steet mat der Etzella a Steesel provisoresch un der Tabellespëtzt.
Am zweete Spëtzematch gewënnt den AB Conter relativ däitlech mat 95:72 (31:17, 24:17, 24:16, 16:22) géint de Gréngewald. D'Heemekipp huet vun Ufank u gewisen, datt si de Match wëll gewannen a louch zur Paus scho mat 21 Punkte vir. Nodeems den drëtte Véierel och kloer fir Conter ausgoung, war de Match entscheet. De Gréngewald huet am leschte Véierel de Réckstand nach e bësse verkierze kënnen. De Clayton Thomas war mat 31 Punkte beschte Scorer.
D'US Hiefenech verléiert doheem 70:78 (22:13, 12:23, 19:26, 17:16) géint d'Etzella Ettelbréck. De Match war an der éischter Hallschent richteg spannend an zur Paus haten d'Gäscht just ee Punkt Virsprong. Am drëtte Véierel huet Ettelbréck awer den decisiven Ecart erausgespillt a konnt sech um Enn duerchsetzen. De Criston Lamar huet 31 an de Keyshawn Smith 30 Punkten zur Victoire vun Ettelbréck bäigesteiert.
D'Musel Pikes markéieren 20 Sekonne viru Schluss déi decisiv Punkten a gewannen um Enn mat 73:72 (11:23, 20:14, 18:20, 24:15) an der Fiels. D'Ekipp vun der Musel war guer net gutt an de Match komm, konnt sech am zweete Véierel zeréckkafen an huet am leschte Véierel eng Ophueljuegd gestart. Fir d'Fiels war et déi véiert Defaite hannerteneen.
D'Sparta Bartreng verléiert mat 68:75 (13:12, 20:27, 15:24, 20:12) géint d'Amicale Steesel. Bartreng war gutt an de Match komm, huet awer am zweeten an drëtte Véierel de Match aus der Hand ginn. Steesel louch mat 16 Punkte vir, hätt dëse Virsprong awer bal nach verspillt, well d'Sparta nach eng Kéier zeréckkoum. Eréischt 20 Sekonne viru Schluss huet Steesel duerch zwee Fräiwërf de Match kloer gemaach.
Den T71 Diddeleng huet sech kloer mat 86:65 (19:21, 28:17, 18:11, 21:16) zu Zolwer duerchgesat.
Resultater Hären
Dammen
Um Sonndeg ass den T71 Diddeleng weider ongeschloe bliwwen. Zu Zolwer hu sech Michelle Dittgen a Co kloer mat 107:60 (35:16, 26:15, 29:10, 17:19) duerchgesat. D'Heemekipp hat vun Ufank u keng Chance a waren an der Paus scho mat 30 Punkten hannen. Den T71 huet nom Säitewiessel méi lues gemaach, konnt de Virsprong bis zum Schluss awer weider ausbauen.
Am anere Match huet d'Etzella eng iwwerraschend 87:78-Victoire (16:23, 22:23, 24:18, 14:12, 11:2) no Verlängerung géint d'Amicale gefeiert. Steesel war besser an de Match komm a konnt sech an den zwee éischte Véierelen ofsetzen. No der Paus ass d'Heemekipp zréckkomm an huet sech an d'Overtime gerett. Do hat d'Amicale näischt méi ze gutt an huet um Enn mat 9 Punkten Ënnerscheed verluer.
Conter war als klore Favorit an dës Partie gaangen a gewënnt um Enn mat 83:60 (24:20, 14:18, 20:12, 25:10) géint Wolz. Déi éischt Hallschent war nach ganz enk, well béid Ekippen ee Véierel mat enger Avance vu véier Punkte gewanne konnten. Nom Säitewiessel huet den AB Conter den Tempo awer ugezunn a gewënnt schlussendlech kloer.
Bartreng gewënnt kloer mat 102:61 (30:18, 22:9, 24:18, 26:16) géint d'Musel Pikes. D'Bartrenger Dammen haten de Match scho bis zur Hallschent decidéiert an hunn d'Ekipp vun der Musel och no der Paus op Distanz gehalen.
D'Residence Walfer gewënnt och kloer mat 85:57 (18:13, 26:15, 19:15, 22:14) beim Basket Esch. Bescht Scorerinne waren Tatsiana Likhtarovich fir Esch mat 30 Punkten an d'Kierra La Nae Anthony mat 35 Punkte op der Säit vu Walfer.