En Dënschdeg stoung den éischte Match an der 1/8-Finall tëscht Wolz an de Musel Pikes um Programm, an deem sech d'Miseler mat 94:81 duerchsetze konnten.

Um Donneschdeg gouf et eng déck Iwwerraschung. Mamer aus der Nationale 2 huet d'Résidence Walfer aus der LBBL mat 93:91 (33:21, 24:28, 13:15, 23:27) geklappt. Mamer steet domadder an der Véierelsfinall.

Donieft huet Hiefenech knapp mat 89:82 (28:24, 23:19, 20:19, 18:20) beim Black Star Miersch d'Iwwerhand behalen.

An engem enke Match kann de Gréngewald sech um Mëttwoch mat 83:79 (24:14, 24:22, 12:19, 13:18, 10:6) géint Conter an der Verlängerung duerchsetzen. Am éischte Véierel huet de Gréngewald sech eng relativ grouss Avance erspillt, éier den AB lues awer sécher de Réckstand ophuele konnt. Am leschten Ofschnëtt hu sech béid Ekippen näischt geschenkt. Et war eng immens serréiert Schlussphase, bei där et no de Véierel 73:73 stoung. An der Verlängerung hat de Gréngewald allerdéngs de längeren Otem a konnt dës mat 10:6 fir sech entscheeden, soudatt si an der nächster Ronn vun der Coupe stinn.

An der Neioplo vun der Coupe-Finall vum Joer 2022 konnt Esch de Match fir sech entscheeden. Esch gewënnt mat 74:55 (24:19, 20:12, 17:10, 13:14) géint d'Fiels a steet no enger zolitter Leeschtung verdéngt an der Véierelsfinall. De wichtegste Spiller op de Säite vun den Escher war e Mëttwoch de Prince Wayne Foster, deen 22 Punkte markéiere konnt.

An deenen anere Matcher setze sech d'Favoritte relativ souverän géint d'Ekippen aus der National 2 duerch. Esou verléiert Munneref mat 89:108 (34:35, 24:25, 20:29, 11:19) géint d'Sparta vu Bartreng. Den T71 léisst dem BC Mess keng Chance a gewënnt kloer mat 110:85 (20:26, 31:18, 37:16, 22:25). Ettelbréck dogéint huet sech géint de Stater Racing allerdéngs e bësse méi schwéier gedoen a gewënnt just mat engem 6-Punkte-Virsprong. Béid Formatiounen trenne sech mat engem 73:79 (25:18, 17:26, 21:21, 10:14) aus der Sicht vum Racing.

D'Resultater vun der Coupe am Iwwerbléck

Hären