Um Freideg goufen d'Véierelsfinallen an der Coupe am nationale Basket ausgeloust.

De Coupe-Gewënner vun dësem Joer, Esch, kritt et mat Bartreng ze dinn. Hiefenech spillt géint Ettelbréck, Mamer aus der Nationale 2 muss géint Diddeleng untrieden an de Gréngewald spillt géint d'Musel Pikes.

Den Iwwerbléck:

Basket Esch – Sparta Bartreng
US Hiefenech – Etzella Ettelbréck
Mambra Mamer (+10) – T71 Diddeleng
Gréngewald Hueschtert – Musel Pikes