Esch gewënnt zu Diddeleng an d'Etzella klappt Steesel

© Shari Schenten
Et ass déi 1. Néierlag an der Saison fir den T71. Ettelbréck, Walfer an Diddeleng hunn elo jeweils 13 Punkten. Sparta wënnt géint d'Pikes.
Am nationale Basketball-Championnat war um Samschdeg den Owend de komplette 7. Spilldag bei den Hären.
Hären
Am Spetzematch ka sech de Basket Esch zu Diddeleng behapten. D'Lallengeer gewanne mat 62:58 (20:14, 21:13, 9:21, 12:10) géint den T71. Et ass déi 1. Néierlag an deser Saison fir Diddeleng. Esch huet déi éischten Hallschent dominéiert a louch an der Paus mat 14 Punkten a Féierung. Nom Téi ass d'Lokalekipp aus der Forge du sud awer ganz aneschters opgetrueden an esou gewanne sie den drette Véierel mat 21:9. De Match war nees komplett oppen, an et war eng immens spannend Schlussphase. Hei hat Esch awer de besseren Enn.
Walfer bleift d'Ekipp vun der Stonn a gewënnt mat 111:96 (31:19, 19:32, 32:20, 29:25 ) géint d'Fiels. Ass Walfer mat 100 à l'heure an de Match komm, huet sech am zweete Véierel genau de Géigendeel gewisen, an d'Fiels huet de Match am Greff gehat. An der Paus louchen d'Gäscht mat 51:50 a Féierung. Walfer huet de Match an der zweeter Hallschent mam Grant Michael Dressler (33 Punkten) a mam Trevion Marcell Crews (32 Punkten) zu hire Gonschten entscheet.
Musel-Pikes verléiere relativ däitlech mat 75:94 (25:19, 16:21, 15:26, 19:28) géint d'Sparta vu Bartreng. Dobei huet een den éischte Véierel nach mat 25:19 fir sech konnten entscheeden, éier d'Sparta d'Spill an d'hand geholl huet. Bemiekenswäert ass dass d'Sparta mat nemmen engem Amerikaner ugetrueden ass. Braun, Verbeelen, Stein an Toussaint hunn all zweestelleg getraff. Bei de Pikes war den Dwayne Ross Foreman Jr mat 29 Topscorer.
D'Etzella, déi déi lescht 4 Matcher gewanne konnten, hu sech och géint den aktuelle Champion konnten duerchsetzen. Géint Steesel gëtt et eng 102:81 Victoire. Ënnert dem Impuls vu Gutenkauf, an deenen zwee Amerikaner ass Ettelbréck mat 11 Punkte Virsprong an d'Paus gaangen. Am drëtte Véierel huet d'Etzella Neel mat Käpp gemaach an dëse mat 28:16 fir sech entscheet. Eng verdéngte Victoire deemno fir Ettelbréck iwwerdeems Steesel fir zweet noenee verléiert.
D'US Hiefenech verléiert doheem 76:89 (18:28, 18:22, 22:17, 18:22) géint den AB Conter. Bei de Gäscht war de Clayton Thomas Guillozet mat 33 Punkten de Garant fir d'Victoire. Hiefenech verléiert och nom Trainerwiessel, a steet mat bis ewell 1 Victoire a 6 Néierlagen op der 11. Plaz an der Tabell.
De Gréngewald ka sech mat 75:61 (15:17, 24:7, 15:19, 21:18) géint Zolwer duerchsetzen. Dobäi huet Zolwer gutt an de Match fonnt, huet awer am zweete Véierel d'Schlappe verluer. Domat bleift den Opsteiger wéicer ouni Victoire.