Déifferdeng qualifizéiert sech fir 1/16-Finallen

© Serge Olmo
Mat enger souveräner 34:22-Victoire am Retourmatch géint Vilnius hunn d'Red Boys de nächsten Tour am EHF European Cup erreecht.
Nodeems Déifferdeng um Samschdeg den Allersmatch mat 31:28 géint Vilnius VHC Sviesa mat 31:28 gewonnen hat, stoung um Sonndeg de Retourmatch zu Nidderkuer um Programm. An do huet sech Déifferdeng mat 34:22 géint d'Litauer duerchgesat.
Déifferdeng huet vun Ufank u mat vill Elan am Ugrëff gespillt a war séier mat 6:2 vir. Bis zur 15 Minutt ass de Virsprong beim 8:6 awer op 2 Punkte geschmolt. D'Heemekipp huet an der Suite den Tempo awer nees ugezunn. Duerch eng konzentréiert Leeschtung an der Ofwier an effizient Ofschlëss am Ugrëff ass Déifferdeng bis zur Paus op 19:9 fortgezunn.
D'Gäscht hunn nom Säitewiessel nach emol alles probéiert a ware beim 16:23 an der 40. Minutt bis op 7 Goler un Déifferdeng drun. Dono war d'Konzentratioun bei der Heemekipp virun eegenem Public awer nees méi héich. Gol fir Gol hunn d'Red Boys hire Virsprong ausgebaut. Um Enn gouf et eng souverän a verdéngte 34:22-Victoire fir d'Red Boys géint Vilnius.