Victoire fir d'Red Boys, batter Néierlag fir Esch

© Serge Olmo
Déifferdeng wënnt den Allersmatch mat 31:28 géint Vilnius VHC Sviesa. Den Handball Esch muss sech doheem mat 31:36 géint Prag geschloe ginn.
Red Boys Déifferdeng - Vilnius VHC Sviesa 31:28
D’Red Boys si ganz gutt an hir 21. Participatioun op europäeschem Plang erakomm an no 9 Minutte louche si scho 6:0 a Féierung. Virun allem de Roman Becvar war an den Ufanksminutten net ze stoppen. Vilnius VHC Sviesa huet sech doropshin awer gefaangen, a well d’Red Boys och net méi sou fokusséiert an effikass waren, ass den Ecart ëmmer méi kleng ginn. An der Paus stoung et just nach 14:11 fir déi Déifferdenger.
An den zweeten 30 Minutten ass de Match an engem séiere Rhythmus weidergaangen a virun allem den Dan Scheid ass besser an de Match komm, soudass Déifferdeng no 39 Minutte eng Avance vu 6 Goler hat. No ronn 45 Minutte waren d’Red Boys souguer 8 Goler a Féierung. Dunn ass de Virsprong zwar nees geschmolt, um Enn kënne si sech awer verdéngt mat 31:28 duerchsetzen.
De Retourmatch ass och zu Nidderkuer e Sonndeg um 16 Auer, wou et fir d’Red Boys dorëms geet, fir deen Avantage vun 3 Goler zu geréieren an sou an d’1/16-Finallen anzezéien.
Handball Esch - Dukla Prag 31:36
Den Handball Esch ass gutt an de Match koum a louch schnell mat 4:1 a Féierung. Dukla Prag aus der Tschechescher Republik huet virun allem an der Ufanksphase e bësse gebraucht fir de Spillrhythmuss ze fannen. Dono war et een immens ausgeglachene Match. Prag huet et awer net fäerdeg bruecht de Réckstand opzehuelen ass an deenen éischten 30 Minutten engem 2 bis 3 Goler Réckstand hannendrun gelaf. An der Paus louchen d'Gäscht mat 15:18 a Réckstand.
Déi zweet 30 Minutte sollten ufänke wéi déi éischt opgehalen hunn. No ronn 37 Minutten ass Prag dunn awer ëmmer méi staark ginn, an de Réckstand ass Punkt fir Punkt méi kleng ginn. No 40 Minutte louch Esch nëmmen nach mat 1 Gol a Féierung (21:20). An der Suite huet Prag bannent 3 Minutten e 4:0-Laf realiséiert an et louch ee fir eng éischte Kéier am Match mat 2 Goler a Féierung (24:22). Aus Escher Siicht ass an der Schlussphase dunn net méi alles riicht gelaf, an de Réckstand ass op 5 Goler ugewuess, sou dass e sech um Enn dach relativ däitlech mat 31:36 geschloe muss ginn. Bei Esch war de Martin Müller mat 10 Goler beschte Mann.
De Retourmatch ass de 5. November.