Nodeems d'Lëtzebuergerinnen en Dënschdeg scho mat 13:36 géint d'Ukrain verluer haten, ass e Mëttwoch mam 11:30 eng weider héich Defaite dobäikomm.

Dammenhandball - WM-Qualifikatioun vum Gilles Tricca

En Dënschdeg gouf et fir d'Lëtzebuergerinnen eng kloer Defaite géint motivéiert d'Spillerinnen aus der Ukrain. D'Lëtzebuergerinnen haten allerdéngs e schwaarzen Dag erwëscht, soudatt een et e Mëttwoch um Retourmatch besser maache wollt an ee sech déi kleng Chance, fir an déi zweet Phas vun der Qualifikatioun fir d'WM 2023 an Dänemark, Norwegen a Schweden ze kommen, ophale wollt. Dëst ass den Dammen allerdéngs net ganz gelongen, soudatt d'Qualifikatioun an domadder och den Dram vun der WM fir d'Rout Léiwinne schonn nom éischten Tour eriwwer ass.

Fir d'Lëtzebuerger Dammen huet de Match vun e Mëttwoch genee esou schlecht ugefaangen, wéi den Allersmatch vun en Dënschdeg. No knapps 9 Minutten hunn d'Léiwinnen engem 1:7-Réckstand missen nolafen, soudatt ee gefaart huet, datt d'Lëtzebuergerinne vun der Ukrain iwwerrannt géife ginn. Doropshin hunn d'Léiwinnen e bësse besser an der Match fonnt, ouni datt den Ecart tëscht béide Formatiounen allerdéngs méi kleng gi wier. No den éischten 30 Minutten ass et mat engem enttäuschende 5:16 aus Siicht vun de Lëtzebuergerinnen an d'Paus gaangen. Alt nees huet et der Nationalekipp un der néideger Prezisioun gefeelt. An der éischter Hallschent gouf ganzer 17-Mol op de Gol vun der Ukrain geschoss, mä nëmme 5-Mol huet d'Golkipperin vun der Ukrain hannert sech misse gräifen. Op der anerer Säit ware vu 25 Schëss der 16 dobannen.

Nom Pausentéi huet sech wéineg verbessert fir déi Rout Léiwinnen. D'Ukrain konnt säi Virsprong mat gutt erausgespillte Kombinatioune weider ausbauen a louch no 45 Minutte beim Stand vun 8:23 mat 15 Goler am Avantage. Bis zum Schluss vum Match ass den Ecart nach weider eropgaangen, soudatt Lëtzebuerg kloer mat 11:30 géint d'Ukrain verléiert.

Domadder goufen d'Lëtzebuergerinnen no zwee Matcher kloer vun der Ukrain eliminéiert an den Dram vun der WM ass schonn nom éischte Quali-Tour fir d'Léiwinnen ausgedreemt.

RTL

© Gilles Tricca