Kloer Néierlag fir d'Lëtzebuergerinne géint d'Ukrain

© Serge Olmo
En Dënschdeg an e Mëttwoch spillen déi Rout Léiwinnen an der Coque géint d'Selektioun aus der Ukrain.
D'Lëtzebuerger Dammen haten de Start vun dëser Partie an der Qualifikatioun fir d'Weltmeeschterschaft bal komplett verschlof a si hunn no siwe Minutte missten engem 6:1-Réckstand nolafen. An der éischter Véierelsstonn huet d'Prezisioun bei de Roude Léiwinne gefeelt, si konnte grad emol 4 vun 9 Schëss markéieren, wärend d'Géignerinnen aus der Ukrain 10 vun 12 Mol getraff hunn. Den Ecart sollt dann och net wierklech méi kleng ginn an d'Prezisioun bei de Lëtzebuergerinnen net vill besser. Am Géigendeel hunn d'Dammen aus der Ukrain sech lues awer sécher e komfortabele Virsprong erausgespillt, esou datt si beim Säitewiessel mat 18:6 am Avantage waren.
Nom Pausentéi huet sech wéineg verbessert fir déi Rout Léiwinnen. D'Ukrain konnt de Virsprong weider ausbauen a louch no 45 Minutte beim Stand vun 28:10 mat 18 Goler am Avantage. Bis zum Schluss vum Match ass den Ecart nach weider eropgaangen, esou datt Lëtzebuerg kloer mat 36:13 verléiert.
E groussen Defizit bei de Lëtzebuergerinne war d'Reussitte virum Gol. Si konnte just 13 vun hiren 39 Versich och an de Gol bréngen, dogéint waren d'Dammen aus der Ukrain 36 Mol bei 54 Versich erfollegräich.

© Serge Olmo
E Mëttwoch den Owend gëtt dann nees an der Coque de Retourmatch gespillt.