De Gréngewald verléiert doheem géint Castors Braine

Screenshot FIBA-Livestream
Nodeems de Gréngewald den Optaktmatch vum EuroCup géint Cadi La Seu verluer huet, ass et e Mëttwoch géint Castors Braine déi zweeten Defaite ginn.
Um Mëttwoch gouf et fir de Gréngewald doheem eng 52:76-Néierlag géint déi belsch Ekipp Castors Braine.
Direkt am éischte Véierel hunn d'Gäscht aus der Belsch kloer gestallt, datt si dës Victoire an domadder déi zwee Punkte mat heem wëllen huelen, dat mat engem Avantage vu 14:23. Am zweete Véierel hunn d'Spillerinne vum Gréngewald allerdéngs besser dogéint gehalen a konnten dëse mat engem 13:13 ofschléissen. Dëst well d'Spillerinne vum Gréngewald an der Defense méi sécher stoungen an si d'Géignerinne besser ënner Drock gesat hunn. Am drëtte Véierel huet dëst dunn net méi esou gutt geklappt, soudatt dëse Véierel mat engem 10:17 zu Gonschte vun de Belsch op en Enn gaangen ass.
Am leschte Quarter huet de Gréngewald nach eng Kéier alles probéiert, mä de Géigner aus der Belsch war einfach ze staark. Si loossen um Schluss näischt ubrennen a bauen hire Virsprong am leschte Véierel nach eng Kéier aus, andeems si dëse mat 15:23 gewannen. Domadder verléiert de Gréngewald doheem mat 52:76 géint Castors Braine.