En Donneschdeg den Owend haten d'Damme vum T71 Diddeleng um 2. Spilldag am EuroCup de BCF Elfric Fribourg aus der Schwäiz op Besuch.

Resumé Basket EuropCup / Rep. Franky Hippert

Nodeems den amtéierende Lëtzebuerger Champion d'lescht Woch fir den Optakt an der Belsch mat 72:60 gewonnen huet, wollt een och en Donneschdeg den Owend doheem eng Victoire feieren.

T71 Diddeleng verléiert doheem 84:94 géint Fribourg
En Donneschdeg den Owend haten d'Damme vum T71 Diddeleng um 2. Spilldag am EuroCup de BCF Elfric Fribourg aus der Schwäiz op Besuch.

D'Diddelenger Dammen hu sech an der Ufanksphas vun der Partie awer schwéier gedoen a si louche séier mat 0:7 hannen. An der Suite hat een no engem 6:0-Laf gemengt, den T71 hätt sech erkritt, ma d'Schwäizerinnen hunn den Ecart du staark vergréissert a louchen um Enn vum éischte Véierel mat 28:16 am Avantage. Virun allem déi 6 Dräier hunn de Lëtzebuergerinne wéigedoen.

Am zweete Véierel huet den T71 dunn awer besser agéiert. D'Damme vun Diddeleng hunn elo besser Defense gespillt a konnten och offensiv dovunner profitéieren, esou datt si no 5 Minutten am zweete Véierel op 26:32 verkierze konnten. Bis zur Paus konnten d'Schwäizerinnen hir Avance awer nees ausbauen a waren um Enn vum zweete Véierel 49:35 vir.

D'Ekipp vu Fribourg ass no der Paus ëmmer weider dovu gezunn, ma d'Mossong, Mreches, Geniets a Co. hunn ëmmer weider gekämpft a koumen nees op 13 Punkten erun. Deemno ware si virum Schlussvéierel 62 zu 75 hannen.

Viru ronn 400 Spectateure sollt et am leschte Véierel nach eemol spannend ginn, well gutt 1 Minutt viru Schluss vum Match ass den T71 nach eemol bis op 8 Punkten erukomm. Doropshin huet d'Courtney Range mat hirem 5. Draier den Diddelenger Dammen awer richteg wéigedoen an domat war d'Virentscheedung gefall. Um Enn verléiert de Lëtzebuerger Champion no enger gudder kämpferescher Leeschtung mat 84:94 géint Fribourg aus der Schwäiz.