Den T71 konnt sech géint Fiels duerchsetzen, fir d'Residence gouf et eng staark Victoire géint Bartreng an d'Etzella hat keng Problemer géint d'Pikes.

E Samschdeg stoung am nationale Basketchampionnat bei den Hären den 8. Spilldag um Programm. Bei den Damme war et den 9. Spilldag.

Hären

Den Tabelleleader Diddeleng huet sech mat 76:64 géint d'Arantia Fiels behaapt. No engem ausgeglachenen Ufanksvéierel konnten d'Haushäre vun der Fiels am zweete Véierel géint en iwwerraschend schwaachen T71 a Féierung goen. Am drëtte Véierel hunn déi Diddelenger dann awer zu hirem Spill fonnt a konnte mat staarken 33 Punkten de Match zu hirem Virdeel dréinen. D'Arantia huet zwar bis zum Schluss gekämpft, muss sech um Enn awer op 12 Punkte geschloe ginn.

Punktgläich un der Tabellespëtzt steet d'Residence, déi d'Sparta Bartreng mat 115:74 iwwerrannt hunn. Schonn nom éischte Véierel konnten d'Gäscht vu Walfer 34 Punkte maachen an och am weidere Spillverlaf hu si den Niveau konstant héich gehalen. No nëmmen 9 Punkten am drëtte Véierel vu Bartreng war de Match dann entscheet.

An den zwee weideren Dueller vum Owend gouf et eng 90:60-Victoire fir d'Amicale Steesel géint Hiefenech an de Basket Esch konnt sech mat 91:79 géint de Gréngewald duerchsetzen.

Um Sonndeg huet d'Etzella Ettelbréck de Musel Pikes keng Chance gelooss a si mat 105:65 (23:24, 24:12, 28:14, 30:15) heemgeschéckt. Den éischte Véierel war wuel nach un d'Gäscht gaangen, mee déi aner Véierele gounge kloer un d'Etzella. Domadder stinn déi Ettelbrécker punktgläich mat Diddeleng a Walfer un der Tabellespëtzt.

Am zweete Sonndesmatch war et eng ganz serréiert Partie um Scheierhaff, wou Conter sech mat 92:87 (29:19, 17:18, 24:27, 22:23) géint Zolwer duerchsetze kann. Déi éischt zéng Minutten huet Conter zimmlech kloer fir sech entscheet, duerno huet d'Lokalekipp sech awer lues a lues erugekämpft, um Enn sollt et awer net duergoen.

Resultater Hären

Dammen

Am Duell tëscht der Résidence an der Amicale vu Steesel hunn d'Damme vu Walfer näischt ubrenne gelooss an d'Partie mat 94:63 fir sech entscheet. Den Tabelleleader huet vun Ufank u Gas ginn an dem Gaascht keng Chance gelooss ee Wuert matzeschwätzen. Spéitstens nom drëtte Véierel, an deem de Spillerinne vu Walfer 28 Punkte gelonge sinn, war un der Victoire näischt méi ze änneren.

Fir den AB Contern gouf et dann eng 78:53-Victoire géint Zolwer. No engem schwaachen éischte Véierel vun de Gäscht vun Zolwer konnte si sech an den zwee nächste Véierel e Stéck fänken. Conter ass awer bis zum Schluss konstant bliwwen an entscheet de Match um Enn ouni gréisser Problemer fir sech.

An den zwee weidere Matcher vum Owend muss sech Wolz mat 62:89 géint Sparta Bartreng geschloe ginn an de Gréngewald behaapt sech mat 72:47 géint de Basket Esch.

Um Sonndeg haten d'Damme vum T71 Diddeleng keng Probleemer mat der Ettelbrécker Etzella. Si gewanne kloer mat 112:73 (26:25, 27:23, 35:11, 24:14). Bis an d'Hallschent war et en ausgeglachene Match, mee am drëtte Véierel ass d'Etzella agebrach an Diddeleng konnt sech en Ecart vun 20 Punkten erausspillen, deen am leschte Véierel nach ausgebaut gouf. Déi bescht Scorerin um Terrain war d'J'aiamoni Welch-Coleman op Säite vun Ettelbréck mat 32 Punkten.

Resultater Dammen