Bartreng huet sech zu Steesel behaapt, wärend d'Résidence sech beim Basket Esch duerchgesat huet. Schieren huet eng Victoire géint de BC Mess gefeiert.

Um Mëttwoch goufe bei den Damme dräi Matcher vun den Aachtelsfinalle vun der Coupe gespillt.

An enger animéierter Partie huet Steesel mat 81:96 (34:29, 17:19, 23:29, 7:19) géint d'Sparta de Kierzere gezunn.

D'Amicale war am 1. Véierel déi besser Ekipp um Terrain an huet dee mat 34:29 fir sech entscheet. An der Suite huet d'Sparta besser an de Match fonnt an huet de Réckstand an der Paus op 3 Punkte verkierzt. Bartreng huet den 3. Quarter am Ugrëff dominéiert an ass mat engem Virsprong vun 3 Punkten an de leschte Véierel gaangen. Bei der Heemekipp ass do net méi vill zesummegelaf an d'Sparta huet sech kloer ofgesat. Um Enn sinn d'Gäscht mat enger verdéngter Victoire an de nächsten Tour agezunn.

D'Résidence huet sech iwwerdeems mat 69:61 (12:19, 28:14, 16:19, 13:9) zu Esch behaapt.

De Basket Esch huet besser an de Match fonnt an huet den 1. Véierel mat 7 Punkte Virsprong fir sech entscheet. An der Suite huet Walfer d'Heft an d'Hand geholl an de Match komplett gedréint. 40:33 stoung et an der Paus aus der Siicht vu Walfer. Nom Säitewiessel war d'Heemekipp defensiv besser an huet de Réckstand op 4 Punkte verkierzt. Am leschte Véierel huet Walfer nach eng Kéier Gas ginn a konnt sech um Enn mat 8 Punkten Avance d'Victoire sécheren.

An der Partie vun den Ekippen aus der Nationale 2 huet Schieren mat 54:48 (14:17, 13:12, 10:11, 17:8) géint de BC Mess d'Iwwerhand behalen.

Fir d'Véierelsfinallen hate sech schonn den AB Contern an den T71Diddeleng qualifizéiert. Um Donneschdeg hunn nach Hesper géint Zolwer an Ettelbréck géint Wolz gespillt. Hei konnte sech Zolwer an d'Etzella duerchsetzen a stinn domat an der nächster Ronn.

D'Resultater vun der Coupe am Iwwerbléck

Dammen