T71 Diddeleng verléiert géint Benfica Lissabon

© AFP (Archiv)
Nom Gréngewald e Mëttwoch huet och Diddeleng säin drëtte Match am EuroCup en Donneschdeg verluer.
Am Dammebasket huet den T71 Diddeleng en Donneschdeg den Owend am EuroCup den drëtte Gruppematch mat 69 op 84 auswäerts géint Benfica Lissabon verluer. Déi Diddelenger hunn elo 4 Punkten aus den éischten 3 Matcher.
D'Lokalekipp ass staark gestart an huet sech déi eng Avance vun 20:10 erausgespillt. Am zweete Véierel ass et dem T71 gegléckt, duerch e staarkt Optriede vun ënnert anerem dem Mandy Geniets, de Réckstand op 2 Punkten ze verkierzen (42:44). Virun der Paus hat Lissabon awer e weidere Laf a konnt d'Avance nees op 53:46 ausbauen.
No der Paus huet Benfica d'Avance weider ausgebaut an de Match bis zum Schluss dominéiert.
Déi meescht Punkten huet Zykera Rice op Säite vun Diddeleng markéiert (20). Fir si war et deen éischten Asaz mam T71.
Gréngewald - Zaragova 54:81
Am 3. Match gouf et déi 3. Defaite fir d'Damme vum Gréngewald géint Zaragoza. Virun eegenem Public war de BBC de Spuenierinnen e Mëttwoch mat 54:81 ënnerleeën.
D'Gäscht aus Spuenien sinn hirer Favoritteroll vum 1. Véierel u gerecht ginn a si war séier mat 10 Punkten am Avantage. De Gréngewald huet dono besser an de Match fonnt an huet den Ecart net méi grouss gi gelooss. Um Enn vum 1. Véierel stoung et 13:20 aus Lëtzebuerger Siicht. Den 2. Quarter war méi ausgeglach a Zaragoza huet de Virsprong konstant bei 8 bis 10 Punkte gehalen. An de leschte Minutte virun der Paus huet d'Heemekipp ënnert dem Impuls vum Samantha Logic de Réckstand op 3 Punkte verkierzt. De Géigner huet awer mat enger Dräier reagéiert, soudass d'Säite mam Score vu 29:35 gewiesselt si ginn.
Am 3. Véierel ass et bei de Gäscht am Ugrëff awer nees besser gelaf. Punkt fir Punkt hu si hire Virsprong vergréissert. Dem Gréngewald sinn an där Phas nëmmen 9 Punkte gelongen, wärend Zaragoza 18 Punkte markéiert huet. Virum leschte Véierel stoung et 38:53. D'Loft war bei de Lëtzebuergerinne raus an d'Spuenierinnen hunn de Virsprong och am leschte Véierel weider ausgebaut. Um Enn huet de Gréngewald mat 54:81 géint Casademont Zaragoza de Kierzere gezunn.