Etzella wënnt an Overtime zu Walfer, T71 bleift drun

© Roland Miny / pressphoto
Bei den Damme konnt sech d'Residence mat 79:63 géint d'Musel Pikes duerchsetzen an d'Sparta huet de Gréngewald mat 95:90 geklappt.
E Samschdeg war am nationale Basketchampionnat bei den Hären den 9. Spilldag, bei den Damme war et den 10.
LBBL Hären
E Sonndeg huet d'Fiels eng wichteg Victoire géint de Gréngewald geséchert. Knapp mat 84:80 huet ee sech auswäerts duerchgesat.
An enger spannender Partie e Samschdeg den Owend zu Walfer konnt sech den Tabelleleader Etzella an Overtime mat 102:96 duerchsetzen. D'Residence war besser an de Match komm a konnt no engem staarken éischte Véierel och am zweeten an am drëtte Véierel vum Match déi Ettelbrécker am Réckstand halen. An de leschten zéng Minutten ass fir d'Lokalekipp vu Walfer dann awer net méi vill zesummegaangen. Déi Ettelbrécker, déi och net onbedéngt iwwerzeege konnten, krute sech mat 19 Punkten am leschte Véierel awer nach an d'Overtime gerett. Do konnt ee sech dann awer mat 28:22 behaapten an de Match fir sech entscheeden.
Mat un der Tabellespëtzt bleift nom 9. Spilldag och den T71 Diddeleng, dee sech mat 87:72 géint d‘ Sparta Bartreng duerchsetze konnt. D'Gäscht vu Bartreng haten hei am éischte Véierel d‘Nues vir, ma dat konnten déi Diddelenger mat engem staarken zweete Véierel nees gutt maachen an a Féierung goen. An der zweeter Hallschent vun der Partie hu sech béid Ekippe méi konstant op Aenhéicht gewisen, dat awer ëmmer mat engem liichte Virdeel fir den T71, dee sech um Enn duerchsetzt an domat weider punktgläich mat der Etzella un der Tabellespëtzt bleift.
An den dräi anere Matcher vum Owend huet sech Zolwer mat 83:76 géint Hiefenech behaapt, Steesel mat 70:54 géint d'Musel Pikes a fir de Basket Esch gouf et eng 86:78-Victoire zu Conter.
Resultater Hären
LBBL Dammen
Bei den Dammen hat Ettelbréck e Sonndeg keng Problemer beim Opsteiger Wolz. No véier Véierele stoung et 95:73.
Bei den Dammen huet sech d'Résidence Walfer e Samschdeg den Owend mat 79:63 géint d'Musel Pikes behaapt. Mat staarken 32 Punkten am éischte Véierel hunn d'Gäscht vu Walfer gutt ugefaangen. Duerno waren awer och d'Musel Pikes mat am Match a konnten de Réckstand bësse verkierzen. Duerch e staarken drëtte Véierel vun der Résidence war de Réckstand fir d'Lokalekipp dann awer net méi anzehuelen.
An den zwou weidere Partië vum Owend huet Bartreng e spannende Match mat 95:90 géint de Gréngewald gewonnen an de Basket Esch huet mat 64:72 zu Conter de Kierzere gezunn.